Schlënner
|
D'Schlënner kuerz virun der Ënnerschlënner | |
| Längt | 7,5 km |
|---|---|
| Leeft an | Sauer |
|
| |

D'Schlënner, op däitsch Schlinder, ass eng lëtzebuergesch Baach am südlechen Deel vum Éislek, an de Gemenge Parc Housen a Buerschent.
D'Dall vun der Schlënner mat de géie Bëschhänk op béide Säite gouf den 31. Juli 2024 zum Naturschutzgebitt Schlënnerdall-Molberlee deklaréiert.[1]
Beschreiwung vum Laf
[änneren | Quelltext änneren]Si huet hir Quell nordëstlech vun Holztem um Flouer Veianerwee, op enger Héicht vu ronn 490 Meter. Si leeft vun do aus no Süden laanscht oder duerch Holztem, Houschent, Iewescht Schlënner a fléisst op der Kräizung vum CR320 mat der N27 bei Ënnerschlënner op enger Héicht vun 230 Meter an d'Sauer.
Se huet bis zur Fusioun zur Gemeng Parc Housen, d'Gemengegrenz tëscht de fréiere Gemenge Konstem an Houschent gemaach, a mécht d'Grenz haut nach vun der Ieweschter Schlënner un tëscht de Gemenge Buerschent a Parc Housen.
Gréisser Niewebaache sinn d'Kirebur, d'Lëtschbaach an d'Maarkebaach.
Toponymie
[änneren | Quelltext änneren]Et gouf versicht, den Numm Schlënner (Schlinder) aus dem Mëttelhéichdäitschen ze deiten, an deem "slinden", schlingen, eng duebel Bedeitung hat. Engersäits war et den Numm fir den Ufank vun der Halsstrass, anerersäits war domat eng enk, ofgrondaarteg Ëffnung, eng Schlucht gemengt. An engem Dokument vun 1349 kann een uf der Slunderin fannen als Bezeechnung fir Ënner- an Iewescht Schlënner[2].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Claude Faber, Flouernimm - An der Schlënner op 100komma7.lu den 21. August 2020, gekuckt den 21. August 2020.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Règlement grand-ducal du 31 juillet 2024 déclarant zone protégée d’intérêt national sous forme de réserve naturelle et de paysage protégé, la zone « Schlënnerdall - Molberlay » sise sur les territoires des communes de Parc Hosingen et de Bourscheid. op legilux.public.lu.
- ↑ Evy Friedrich: Ober- und Unterschlinder am Buch 100e Anniversaire Sapeurs-Pompiers Hoscheid
