Schlënnermanescht
| Schlënnermanescht | |
|---|---|
|
| |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Schlindermanderscheid de: Schlindermanderscheid |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Dikrech |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Annie Nickels-Theis |
| Awunner | 142 |
| 1. Januar 2022 | |
| Héicht | 400 m |
| Koordinaten |
49° 55’ 55’’ N 06° 03’ 39’’ O |
|
| |
Schlënnermanescht ass eng Uertschaft an der Gemeng Buerschent.
Zu Schlënnermanescht gëtt et e Keelenzenter.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft läit op enger Héicht vu ronn 380 Meter (Duerschschnëtt am Duerf), um lénksen Uwänner vun der Sauer. Déi héchst Plaz um Flouer ass op der Héicht mat 471 Meter, an déi déifst ënner dem Schlënnerbierg op der Sauer mat ongeféier 230 Meter.[1]
Um Flouer vu Schlënnermanescht hunn eng Dose kleng Baachen, déi all vu lénks an d'Sauer lafen, hir Quell. Dräi dovu sinn op der topographescher Kaart mat hirem Numm ogedroen, d'Géischelterbaach, d'Schlënner an d'Tälerbaach.
Triviales
[änneren | Quelltext änneren]Schlënnermanescht a Buerschent ginn am Michel Rodange sengem Reenert, absënns am zweete Gesank ernimmt[2]:
Zweete Gesank, Vers 46:
De Bier koum ëm den Owend
Beim Schlass Malpaartes un:
Do woren zou all Dieren,
D’Fallbréck war opgezunn.
Zweete Gesank, Vers 49:
Malpaartes ass eng Festonk,
Di schéinst, déi Reenert huet,
An dat vu senge Schlässer,
Dat him am beste guet.
Zweete Gesank, Vers 239:
Sou sot de Fuuss, de Schallek,
Du mouch en sech derduerch
Voll Freeden no Malpaartes
An d’Schlënner op seng Buerg.
De Reenert wunnt op der Buerg Malpaartes. Malpaartes ass e Flouernumm zu Schlënnermanescht, an zwar den ëstlechen Hank mat Bëscher, tëscht Rëmelesch a Kampeschdell deen op d'Schlënner erofgeet.
Zweete Gesank, Vers 115:
„Wann dat ass“, sot de Rouden,
„– ech menge, Braun, ’t wier Spaass –
Op Féischent weess ech Hunneg,
Nach wuel e Fudderfaass.“
Zweete Gesank, Vers 126:
Sou sot de Fuuss. Se gungen
Eenzock op Féischent lass.
Dat läit eng hallef Stënnchen
Vum Reenert sengem Schlass.
Zweete Gesank, Vers 133:
E wosst e Plach op Féischent
Beim Staarke senger Schmëdd,
Dat war mat Aax a Käilen
Gespaalt bis bal an d’Mëtt.
Féischent läit um rietsen Uwänner vun der Sauer. De Bauerenhaff vun deem am Gesank rieds geet ass de Féischterhaff bei Buerschent.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Schlënnermanescht
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Schlënnermanescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Gemeng Buerschent
- Claude Faber, Flouernimm - An der Schlënner op 100komma7.lu den 21. August 2020, gekuckt den 21. August 2020
- Wou der Däiwel ass...? Schlënnermanescht: Glenn Schwaller, Zu Besuch im Kegel-Paradies, über das bereits Fausti sang, wort.lu [€], 10.08.2024, gekuckt den 28.10.2025

Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Den nooste Punkt op der topographescher Kaart laanscht d'Sauer, deen eng Héicht ugëtt, ass op der Kräizung vum CR320 mat der Nationalstrooss 27 op der Sektiounsgrenz mat 232 Meter
- ↑ an der Schreifweis vun 2019
