Op den Inhalt sprangen

Kierch Schlënnermanescht

Vu Wikipedia
Kierch vu Schlënnermanescht
Parkierch vu Schlënnermanescht (2015)

Parkierch vu Schlënnermanescht (2015)
Parkierch vu Schlënnermanescht (2015)
Uertschaft / PlazSchlënnermanescht
Par Dikrich
Le Bon Pasteur
Dekanat Zentrum
Koordinaten 49° 55’ 58.1’’ N
      06° 03’ 45.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Schlënnermanescht ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Buerschent gehéiert.

D'Kierch ass der Gebuert vun der Muttergottes geweit. D'Fest gëtt den 8. September gefeiert.

Se steet an der Haaptstrooss, dem CR348.

Zur fréierer Par Schlënnermanescht gehéiert ausser der Parkierch vun Schlënnermanescht och nach d' Kapell vun Uewerschlënner.

D'Par Schlënnermanescht gouf am Joer 1804 mat eegener Verwaltung an engem eegene Paschtouer gegrënnt. Zur fréierer Par gehéieren och nach d'Giewelsmillen, de Fridbësch an d'Ënner- an Uewerschlënner. Fir d'200-Joerfeier vun der Par krut d'Kierch vu Schlënnermanescht am Joer 2004 zwou nei Klacken.

D'Fënstere si vum Émile Probst an deem senger Fra Denise Probst-Massin.

Klack Toun Opschrëft Géisserei Joer Gewiicht
MariaSi b' (h)VOCO VOS AD MARIAM PATRONAM
Schlindermanderscheid 1891
F. & A. Causard
Colmar
1891400 kg
AnnaDo" (C)VIVOS VOCO MORTUOS PLANGO FULGURA FRANGO
Schlindermanderscheid 1891
F. & A. Causard1891280 kg
Joseph
und
Joachim
Re" (Des")HELLEGE JOUSEF, HELLEGE JOACHIM ECH LAUDEN ZESUMMEN MAT DER HL. MARIA AN DER HL. ANNA FIR EIS FAMILJEN, EIS KANNER, EIS JUGENDLECH
200 JOR PAR SCHLËNNERMANESCHT 2004
H. Schmit & Söhne
Brockscheid
2004250 kg
TeresaMi b" (Es")HELLEG TERESA ECH LAUDEN FIR TROUSCHT ZE SCHENKEN DEN AARMEN AN DE KRANKEN, AN DEENEN DÉI UM STIERWE LEIEN
200 JOR PAR SCHLËNNERMANESCHT 200
H. Schmit & Söhne2004180 kg
 Commons: Kierch Schlënnermanescht – Biller, Videoen oder Audiodateien