Rivaner

Vu Wikipedia
Rivaner

Rivaner (fréier: Riesling-Sylvaner) ass eng Wäisswäin Riefzort, déi zanter ongeféier 1925 op der Lëtzebuerger Musel ugebaut gëtt.

D'Riefzort geet op eng Kräizung zeréck, déi vum Hermann Müller aus dem Schwäizer Kanton Thurgau gemaach gouf. D'Riefzort, déi aus dem Sämling 58 ervirgaange war, sollt eng Kräizung tëscht Riesling a Sylvaner sinn, a gouf dofir Riesling-Sylvaner genannt.

Si gouf 1913 ëmbenannt a Müller-Thurgau, wéi en an Däitschland komm ass.

Ënnersichunge vum Ferdinand Regner vum Lehr- und Forschungszentrum Klosterneuburg an der Eva Zyprian vum Institut für Rebenzüchtung Geilweilerhof hu festgestallt datt d'Riefzort aus enger Kräizung tëscht Riesling a Madeleine Royale ervirgaangen ass.

Weltwäit gëtt de Müller-Thurgau op bal 45 000 ha (1999) ugebaut, dovu ronn 17 300 ha an Däitschland.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Idealerweis gëtt de Rivaner an engem schwéiren, déiwe Buedem ugebaut. Well e relativ liicht unzebaue ass an d'Récolte am allgemenge reegelméisseg an héich ass, ass et eng Zort déi relativ vill ugebaut gëtt.

De Wäin, deen aus der Rivanerdrauf gemaach gëtt huet en niddregt Oechslegewiicht an ass dofir e liichte blummege Wäin, deen dacks als einfachen Dëschwäin oder am Café gedronk gëtt. En huet gemenkerhand eng blatzeg, liicht giel Faarw an ass mëttelméisseg sauer.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

An den 1920er Joren huet de Rivaner ëmmer méi den Elbling ersat, dee séngerzäit staark ënner der Rieflaus gelidden hat. Och wann den Ubau vum Rivaner an de leschte Joren zeréck gaangen ass, sou ass en 2013 op der Lëtzebuerger Musel mat 330,46 ha (25,52%) awer nach déi Zort, déi am meeschten ugebaut gëtt[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Donnéeë vum Institut viti-vinicole 2013 (Link op pdf-Dokument)