Riesling

Vu Wikipedia
Riesling

De Riesling ass eng wäiss Riefzort déi zu de wichtegsten a beschten Zorte vu wäissen Drauwe gehéiert; de Riesling gëtt och nach gär „Kinnek vun de Wäiner“ genannt.

Ursprénglech kënnt de Riesling aus Däitschland wou en haut ronn e Véirel vun der Ubaufläch ausmécht; et gëtt do haaptsächlech am Rheingau a laanscht der däitscher Musel ugebaut. A Frankräich däerf de Riesling nëmmen am Elsass ugebaut ginn.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Aus dem Riesling gi gemenkerhand extra gutt Wäiner gemaach mat engem charakteristesche Bouquet; typesch Arome sinn Zitrusfriichten, Äppel an Akazien. Well dem Riesling seng Frëschheet a Saier konstant bleift, ass e gutt gëeegent fir Äiswäin oder eng Spéitlies ze maachen.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Op der Lëtzebuerger Musel sinn déi bescht Parzelle fir de Riesling reservéiert. D'Häng déi no Süden augeriicht si wou d'Sonn vill drop schéngt, erméiglechen et fir elegant an équilibréiert Wäiner ze maachen. De Riesling gëtt relativ spéit zeideg.

Zu Lëtzebuerg gouf de Riesling 2013 op enger Fläch vun 158,89 ha ugebaut, wat 12,27% vun der Ubaufläch ausmécht.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Riesling – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Donnéeë vum Institut viti-vinicole 2013 (Link op pdf-Dokument)