Saint Laurent

Vu Wikipedia
D'Riefzort Saint Laurent

De Saint Laurent ass eng Riefzort déi en haut nach just an e puer Wéngerten an Däitschland op der Nahe, an Éisträich, an Tschechien an op der Musel zu Lëtzebuerg fënnt.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am 19. Joerhonnert war de Saint Laurent zu Lëtzebuerg am Wäibau beléift, ass awer ufanks vum 20. Joerhonnert aus de Wéngerte verschwonnen. Zu Lëtzebuerg gouf et 1911 de Saint Laurent nëmmen nach zu Wëntreng an engem Wéngert.[1]

Op der Lëtzebuerger Musel gëtt de Saint-Laurent an der Tëschenzäit erëm vun e puer Privatwënzer ugebaut; am Joer 2013 war dat op enger Fläch vun 3,60 ha.[2]

Synonymmer[änneren | Quelltext änneren]

Je no Land a Sprooch ass de Saint Laurent nach bekannt als Sankt Laurent, Blauer Sankt Laurent, Laurenzitraube, Lorenztraube, lovrenac crni, lovrijenac, Pinot Saint Laurent (duerch en Iertem), Saint laurent noir, sentlovrenka, Svatovavřinecké a szent lörine.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Neyen, J. Aug., 1915: Grundriss der Weinbaulehre mit besonderer Berücksichtigung der Weinbauverhältnisse des Großherzogtums Luxemburg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fischer, Serge: Saint Laurent. Die Rückkehr einer alten einheimischen Sorte. (Link op pdf-Dokument)
  2. Donnéeë vum Institut Viti-Vinicole 2013 (Link op pdf-Dokument)