Will Hoffmann

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Will Hoffmann
HoffmannsWill.jpg
Gebuer 9. Dezember 1937
Rëmeleng
Gestuerwen 16. Juni 2013
Rëmeleng
Doudesursaach Hireschlag
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Will Hoffmann, gebuer den 9. Dezember 1937 zu Rëmeleng an och do de 16. Juni 2013 gestuerwen[1], war e lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Will Hoffmann huet no enger Léier als Maschinneschlässer fir d'éischt bei der Hadir als Aarbechter geschafft. Duerno war en als Employé bei der Intermoselle zu Rëmeleng beschäftegt.

An den 1950er Joren huet en ugefaange sech gewerkschaftlech z'engagéieren. Hie war laang Zäit Sekretär a President vum Lëtzebuerger Aarbechterverband (LAV), der Virgängerorganisatioun vum OGBL.

Hie war zanter 1964 fir d'LSAP am Rëmelenger Gemengerot aktiv. Vun 1970 u war e Schäffen an 1990 huet e vu sengem Virgänger André Zirves d'Buergermeeschteschplaz iwwerholl. Am Joer 2011 huet hie sech no engem Hireschlag aus der Politik zréckgezunn an ass am Juni 2013 un de Folge vum engem neie Schlag gestuerwen.

Hie war President vum TICE-Syndikat vun 1990 bis 2011 a Member vum Syndikatbüro vun 1970 bis 1990. Hie war och laangjärege President a Grënnungsmember vum Syndikat STEP, President an Éierepresident vum Syndikat Minett-Kompost a Member an Éierepresident vum Verwaltungsrot vu Sudgaz. Zesumme mam Vertrieder vun der "Action Sociale pour Jeunes" Nicolas Eickmann an dem OGBL-President John Castegnaro hat hien 1997 d'Beschäftegungsinitiativ CIGL gegrënnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tageblatt.lu: Will Hoffmann ist tot

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxemburger Wort vum 17. Juni 2013, S.13: Will Hoffmann †
  • Doudesannonce (Luxemburger Wort vum 18. Juni 2013, S.41)