John Castegnaro

Vu Wikipedia
John Castegnaro
Gebuer 3. November 1944
Déifferdeng
Gestuerwen 16. Juli 2012
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP
Famill
Geschwëster Mario Castegnaro

De John Castegnaro, gebuer den 3. November 1944 zu Déifferdeng a gestuerwen de 16. Juli 2012[1], war e Lëtzebuerger Gewerkschaftler a Politiker. Hien ass de Brudder vum Mario Castegnaro.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Mat 16 Joer huet e bei der Hadir eng Léier als Maschineschlässer ugefaangen, mat 19 Joer huet hien de Beruff gewiesselt a gouf Gewerkschaftssekretär beim Lëtzebuerger Aarbechterverband (LAV). 1964 gouf hie Member vun der LSAP.

1965 gouf e Regionalsekretär fir d'Bezierker Zentrum an Norden. An de Joren 1968 bis 1974 huet en als Gewerkschaftssekretär d'Verhandlungen an der Mëttel- a Klengindustrie geféiert. 1974 ass en an d'Exekutiv vum LAV gewielt ginn an am Joer 1976 gouf en zum Generalsekretär gewielt.

25 Joer laang, vun der Grënnung 1979 bis den November 2004 war hie President vum OGB-L, duerno Éierepresident.

Hie war ee vun de Grënner vun der Tripartite an huet eng wichteg Roll gespillt bei den Verhandlungen doriwwer, wéi d'Konsequenze vun der Stolkris an den 1970er an 1980er Joren am beschten unzegoe wieren.

Vum 22. Januar 1985 bis den 22. Januar 2003 war hie Member vum Staatsrot.[2]

Vun 2004 bis 2009 war hien Deputéierten an der Chamber fir d'LSAP, nodeem e bei de Walen op déi fënneft Plaz gewielt gi war.

De John Castegnaro war och President vun der Asbl Help, der Editpress an der Fédération nationale des Syndicats du Luxembourg, a Member vum Verwaltungsrot vun Objectif Plein Emploi, dem Lëtzebuerger Roude Kräiz, der Arcelor an duerno der Arcelor Mittal (dat lescht bis Mee 2010[3]).

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Guy Castegnaro a Robert Schneider: De Casteg - Ein Leben für die Anderen. Esch/Alz., Editions le Phare, 2023. ISBN 978-99959-0-916-1.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wort online: John Castegnaro gestorben
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  3. "Castegnaro: Déi lescht Kéier am Conseil bei ArcelorMittal". RTL.lu, 11.05.2010, 17:34; fir d'lescht aktualiséiert 12.05.2010, 08:57.
  4. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn