André Zirves

Vu Wikipedia
André Zirves
Gebuer 5. Mäerz 1926
Rëmeleng
Gestuerwen 8. Juli 2015
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Resistenzler, Enseignant
Partei LSAP

Den André Zirves, gebuer de 5. Mäerz 1926 zu Rëmeleng a gestuerwen den 8. Juli 2015[1] zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker a Resistenzler[2] am Zweete Weltkrich.

Vun 1950 bis 1968 huet den André Zirves als Schoulmeeschter geschafft, duerno als Instituteur-attaché am Gesondheetsministère (1968-1979).

Vun 1970 bis 1990 war hie Buergermeeschter vun der Stad Rëmeleng, a vun 1984 bis 1989 Deputéierten.

Vun 1988 bis 1994 war hie Grand Maître vun der Grande Loge de Luxembourg.

Hie war 1973 den Initiator vum nationale Grouwemusée zu Rëmeleng an deem säin éischte President.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • B. Fayot, S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil: 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Edition La Mémoire Socialiste, Luxembourg 1997, 171 S. (André Zirves, S. 151-152).
  • Zenner, R., 2015. À la mémoire d'André Zirves de Rumelange. Luxemburger Wort 2015, Nr. 222 (24. September), S. 58.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "André Zirves gestorben." tageblatt.lu, 8. Juli 2015 18:31; Akt: 08.07.2015 18:38.
  2. Zirves André. Fédération des enrôlés de force. Gekuckt de(n) 28.2.2023.