Aldringerschoul

Vu Wikipedia
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Déi fréier Aldringerschoul op enger Postkaart vun 1904

D'Aldringerschoul war eng Primärschoul an der Stad; se louch op der Plaz tëscht dem Boulevard Royal an der Aldringerstrooss, virum Postgebai, do wou vun den 1970er Jore bis 2015 d'Busgare "Hamilius" war.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1881 gouf d'Schoulflicht zu Lëtzebuerg agefouert[1] an et huet missen - nieft deem an der Jofferegässel - en neit Schoulgebai gebaut ginn, fir all d'Kanner aus den neie Quartieren am Weste vun der Stad kënnen z'ënnerriichten.

Mat Ënnerstëtzung vum Félix Narjoux, engem Paräisser Expert um Gebitt vum Bau vu Schoulgebaier, huet de Stadarchitekt Antoine Luja dat neit Schoulgebai 1881 geplangt dat dunn tëscht 1882 an 1884 gebaut gouf.

D'Schoul gouf symmetresch gebaut, mat zwéin identesche Flilleken, ee fir d'Meedercher an ee fir d'Jongen. D'Gebai am neoklassizistesche Stil hat zwéi Stäck an eng Mansard an där en Zeechesall amenagéiert war; am Keller war en Turnsall.

No den hygienesche Virschrëfte vum Collège Médical haten déi 18 Klassesäll all grouss Fënstere fir d'Dagesliicht eran ze loossen an déi héich Zëmmeren hunn et zudeem méiglech gemaach, datt eng gutt Loftzirkulatioun am Gebai war. Toilette goufen et grad sou gutt an der Schoul wéi och an den Häff. Laanscht dem boulevard Royal war e Virgäertchen, deen awer nëmme vum Léierpersonal huet dierfe benotzt ginn.

D'Gebai huet duerch seng Dimensioun a säi Volume un eng Kasär erënnert, absënns well och nach eng héich Mauer ronderëm dem Gebai war; dës Mauer gouf dunn 1927 duerch e Gelänner ersat.

Tëscht dem 30. August an dem 28. September 1914 hat déi däitsch Arméi hire Quartier Général an der Schoul opgeschloe fir vun do aus d'Marneschluecht ze plangen. Nom Zweete Weltkrich war an engem Deel vun der Schoul den Centre d'accueil pour les rapatriés installéiert.

D'Schoul gouf am Mee 1974 ofgerappt fir do de Bau vun enger Busgare z'erméiglechen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Der "Aldringen” im Wandel der Zeit op wort.lu de 27. Mäerz 2019 an ënnert dem Titel „Eine Frage der Perspektive - Der Stadtteil rund um den „Aldringen“ im Wandel der Zeit“ an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 27. Mäerz 2019, S. 24-25

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 20 avril 1881 concernant l'enseignement obligatoire Archivéiert op 2011-09-04. Gekuckt de(n) 2015-03-15.