Villa Brincour

Vu Wikipedia
Portal vun der fréierer Villa Brincour un engem Gebai an der rue de Neufchâteau (2014)
Um Balkon dem Albert Lutgen seng Initialen.

D'Villa Brincour[1] war en herrschaftlecht Haus an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se louch um Boulevard Royal, um Eck mat der Avenue Amélie.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Villa gouf no de Pläng vum Pierre Funck gebaut. Se war vun 1876 bis 1917 d'Geschäfts- a Wunnhaus vum Affekot Jean-Joseph Brincour.

Nodeems de Chirurg Michel Jules Bohler d'Villa kaaft hat, huet hien do 1921 seng Praxis opgemaach.

D'Villa gouf 1969 ofgerappt, se huet dem Neibau vun der Bank of America misse wäichen. D'Portal mat de Saile virun der Entréesdier sinn erhale bliwwen. Den Albert Lutgen, deemolege Besëtzer vun der "Mercedes-Garage" huet se 1973 als Bléckfank u sengem Gebai an der Rue de Neufchâteau zu Bouneweg nees opgeriicht. Hie wollt doran en Autosmusée ariichten. Obwuel an der Hal en ettlech klassesch Ween ënnerbruecht goufen, konnt d'Iddi vum Musée net verwierklecht ginn. Aus der "Mercedes-Garage" gouf duerno d'"BMW-Garage", de Garage Arnold Kontz, an nach duerno BMW Bilia-Emond.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Villa Brincour – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Och als "Villa Bohler" bekannt