Vollekshaus (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Vollekshaus
Dat neit Gebai (2019)
Land Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Adress Eck Bd Royal/Av. E. Reuter
Koordinaten 49° 36’ 44.1’’ N 06° 07’ 32.1’’ O

D'Vollekshaus an der Stad Lëtzebuerg war e Gebai, dat um Eck Boulevard Royal/Arsenalstrooss stoung.

Et war e fréieren Offizéierscasino. Bekannt war et als Sëtz vu verschiddene kathoulesche Vereenegungen, dorënner den Akademikerveräin (AV), spéider an Association luxembourgeoise des universitaires catholiques (ALUC) ëmbenannt a vum Luxemburgischer Katholischer Volksverein[1].

Et hat als Spëtznimm Versoffene Rousekranz oder Bi(t)z[2]. "Versoffene Rousekranz" war de Spëtznumm vun engem Lies-Zerkel (kuerz Lies genannt) deen dodran e Versammlungslokal hat, an deen op d'Gebai iwwergoung[3].

De Complexe administratif Carrefour (11.2014), kuerz ier et renovéiert gouf

D'Gebai gouf 1973 ofgerappt[4] an duerch e Bürosgebai mam Numm Complexe administratif Carrefour ersat.

Enn 2014 ass ugefaange ginn dëst Gebai komplett ze renovéieren an et energeetesch an d'Rei ze setzen[5].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pierre Lorang: "Juristerei und Milieukatholizismus." In: forum Nr.314, Januar 2012, S.25-28; hei S.28.
  2. Luxemburger Wörterbuch (1950-1977), Lemma "Casino".
  3. Luxemburger Wörterbuch (1950-1977), Lemma "Lies".
  4. Ons Stad Nr. 31, 1989, S.5.
  5. Immeuble administratif Carrefour op der Websäit vun m3architectes, fir d'lescht gekuckt de 27. Juni 2015