Bertrand Ney
Ausgesinn
Bertrand Ney | |
---|---|
Gebuer |
22. Oktober 1955 Roudemaacher |
Nationalitéit | Frankräich, Lëtzebuerg |
Educatioun |
École nationale supérieure d'art de Nancy, École nationale supérieure des beaux-arts |
Aktivitéit | Sculpteur, Moler |
De Bertrand Ney, gebuer den 22. Oktober 1955 zu Roudemaacher am franséischen Departement Moselle (Regioun Loutrengen), ass e Sculpteur a Moler. Hien hat déi franséisch Nationalitéit, gouf awer 1986 duerch Naturalisatioun Lëtzebuerger.
1993 huet hien, zesumme mam Jean-Marie Biwer, Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg vertrueden.
1994 gouf hien um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg mam Prix Pierre-Werner ausgezeechent.
1995 huet hie beim Skulptursymposium ënner der artistescher Leedung vum Pit Nicolas zu Bilschdref matgemaach.
1999 war hie beim Skulptursymposium zu Lëlz fir d'Konzept zoustänneg an huet do och selwer als Sculpteur deelgeholl.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Granit-Buer, Groussgaass, Lëtzebuerg-Uewerstad (1996)
- Granit-Stäiler, Wallisplaz, Lëtzebuerg-Gare (2003)
- Le souffle, virum Werner-Gebai vun der Zentralbank um Boulevard Royal, Lëtzebuerg-Uewerstad
- Coquille, Park Klosegrënnchen, Lëtzebuerg-Kierchbierg
- La Balance, Parc Heintz, Lëtzebuerg
- Edward-Steichen-Stèle, Béiweng
- Parallelität zum Kirchturm von Boulaide, Skulpturewee, Bilschdref
- Jakobsleiter, Skulpturewee, Lëlz
- L'un et l'autre, Dahliengarten, Bad Neuenahr-Ahrweiler
- Le Réveil, Wendelinushof, St. Wendel
- Golden Venus, Changchun World Sculpture Park, Changchun
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- Prix de la sculpture Schlassgoart (2019) fir seng "longue carrière comme sculpteur sur le plan national et international et sa vision d’intégrer le matériau acier dans son travail."[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bertrand Ney – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit vum Bertrand Ney
- Biographie vum Bertrand Ney op der Websäit vun der Galerie La Cité (fr)
- De Bertrand Ney op der Websäit vu mediArt
- ↑ "Prix de la sculpture Schlassgoart décerné à Bertrand Ney", 13. Juni 2019