Op den Inhalt sprangen

Biennale di Venezia

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) La Biennale di Venezia)
Biennale di Venezia 2019

La Biennale di Venezia, offiziell Esposizione internazionale d'arte di Venezia, ass eng Ausstellung vun zäitgenëssescher Konscht, déi all zwee Joer zu Venedeg an Italien ofgehale gëtt.

Si gouf 1893 an d'Liewe geruff fir d'wirtschaftlech Entwécklung an den Tourismus an der Stad ze fërderen an ass all zwee Joer. Domat ass et déi eelst Expo an där Aart op der Welt. Op der Biennale gëtt Konscht vun de verschiddenen Natioune gewisen.

Si alternéiert mat der internationaler Architekturausstellung Mostra internazionale di architettura di Venezia.

Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg

[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg huet 1956 fir d'éischt Kéier zu Venedeg mam Moler Joseph Kutter a mam Sculpteur Auguste Trémont deelgeholl. Deemools goufe fofzéng Biller a siwe Skulpturen ausgestallt.

Duerno gouf d'Land aus Plazmanktem net méi ageluede a war joerzéngtelaang net méi derbäi an huet dofir tëscht 1953 an 1972 reegelméisseg bei enger änlecher Ausstellung, der brasilianescher Bienal de São Paulo matgemaach. Déi Participatioun gouf awer an den 1970er wéinst der reduzéierter Resonanz an den héijen Transportkäschten a Fro gestallt.

Zënter 1988 mécht Lëtzebuerg nees all Kéier bei der Venedeger Biennale mat. 2003 huet de Lëtzebuerger Pavillon mam Wierk vun der Su-Mei Tse den Haaptpräis, de Gëllene Léif, gewonnen.

Zënter 2019 ass de Lëtzebuerger Pavillon an der Sale d'Armi am Arsenale.

Vertrieder vu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Biennale di Venezia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. paperjam.lu: Andrea Mancini et Every Island iront à Venise vum Céline Coubray (8. Mee 2023)
  2. (de)Aline Bouvy vertritt Luxemburg bei der Biennale 2026. Luxemburger Wort (11.09.2024). Gekuckt de(n) 01.12.2024.