Moritz Ney

Vu Wikipedia
Moritz Ney
Gebuer 26. Juli 1947
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

De Moritz Ney, eigentlech: Maurice Ney, gebuer de 26. Juli 1947 zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.

Vun 1968 bis 1969 war hien op der Werkkunstschule zu Tréier a vun 1969 bis 1972 op der Akademie der Bildenden Künste zu Karlsruhe.

Seng praktesch Léier als Sculpteur huet hien ë. a. beim Aurelio Sabbatini gemaach.

1988 huet hien, zesumme mat der Patricia Lippert, Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg vertrueden.

De Moritz Ney wunnt a schafft an der Stad Lëtzebuerg an zu Diänjen.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Nature morte mat Kapp.
Gouache-Aquarell Collage, 103 × 92 cm, 1990

Déi éischt Eenzelausstellung hat de Moritz Ney 1972 an der Galerie Glaub zu Köln. Hien hat zanterhier eng ganz Rei Ausstellungen ënner anerem an der Galerie Simoncini, der Banque Européenne d'Investissement, der Galerie l'Indépendance vun der Dexia-Bil, der Galerie Schlassgoart zu Esch, an huet un enger Partie Gruppenausstellungen an Däitschland, der Belsch, Italien a Russland deelgeholl. 2008 war hien och an der Ausstellung "ELO"-Inner Exiles, Outer Limits- am Mudam - Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean dobäi.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 80-81)
  • Paul Lanners: Moritz Ney, 2006, Saint Paul, 184 Säiten, 25 × 32 cm
  • Katalog vun der Ausstellung an der Galerie Schlassgoart, 2005
  • Schmitt, Anne, 1996. Shampooings et chagrins. Recueil de récits avec des aquarelles et gouaches de Moritz Ney. 76 S. Éditions des Cahiers Luxembourgeois, Luxembourg. ISBN 2-919976-25-7.
  • Katalog vun der Ausstellung an der Galerie BIL-l'Indépendance, 1996
  • Katalog erausgin vun der Galerie Simoncini, 1990

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moritz Ney – Biller, Videoen oder Audiodateien