Marie-Paule Feiereisen
Ausgesinn
Marie-Paule Feiereisen | |
---|---|
Gebuer |
27. Juli 1955 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Kënschtler |
D'Marie-Paule Feiereisen, gebuer de 27. Juli 1955 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch visuell Artistin.
Si huet zu Paräis studéiert. No enger Maîtrise op der Sorbonne hat si bis 1982 eng Plaz am Atelier Claude Augereau op der École nationale supérieure des beaux-arts.
1990 huet si Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg vertrueden.
Ausstellungen
- Salons du Cercle artistique (1977-1980)
- Trente artistes luxembourgeois
- La femme dans la peinture luxembourgeoise
International Konschtausstellungen 1991 - 2000
- FIAC zu Paräis, mat der Galerie La Ferronnerie vu Paräis a mat der Galerie Beaumont vu Lëtzebuerg
- Art Cologne zu Köln, mat der Galerie Beaumont
- Art Brussels zu Bréissel, mat der Galerie Beaumont
- Art Nocturne Knocke zu Knokke, mat der Galerie La Ferronnerie
- Art Gent zu Gent, mat der Galerie Beaumont
- Artissima zu Turin, mat der Galerie Beaumont
Literatur
- Pierre Ferron: "Portraits d'Artistes", in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 1986/1
- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 92-93)
- Marc Theis, Elisabeth Vermast: Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui, Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover, 1995, S. 34 - S. 35