Marco Gaasch

Vu Wikipedia
Marco Gaasch
Gebuer 13. August 1958
Gestuerwen 22. November 2018
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler, Bauer


De Marco Gaasch, gebuer den 13. August 1958 a gestuerwen den 22. November 2018[1],[2] staamt vun Noutem, wou hien de Bauerebetrib, deen hie vu sengen Elteren iwwerholl hat als Kärebauer exploitéiert huet. Nom Secondaire war hien um Athénée Royal Agri-Saint-Georges zu Huy. Zanter Enn vun den 1970er Joren huet hie sech onermiddlech fir d'Besoine vun der Landwirtschaft, um nationale grad wéi och op internationalem Plang agesat.

Nodeem de Marco Gaasch an de Joren 1983-84 President vum Service Jeunesse vun der Bauerenzentral war, war hie wärend véier Joer, vun 1987 bis 1991, President vum Conseil Européen des Jeunes Agriculteurs (CEJA). Hie war Member vum Comité vun der Landwirtschaftskummer an zanter 1988 hire President.

Nieft sengem Engagement an der Beruffschamber war de Marco Gaasch och nach Vizepresident vun der Bauerenzentral. Hien huet sech och an enger Rei vun Organisatiounen, ë. a. am Direktiounscomité vum Centre commun de la sécurité sociale an am LEADER-Programm fir d'Intresse vun der Landwirtschaft agesat.

Am Kader vu senge gesamtpoliteschen Engagementer, huet säi besonnescht Interessi der Verdeedegung vun der Stellung vun der Landwirtschaft an der Gesellschaft gegollt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Gaasch, Marco, Huberty, François, Kipgen, Alfred, Nicks, Jos, Majerus, Danièle, Probst, Marcel, & D'Frënn vu Béiwen. (1997). Den Harelerberg : Béiwen, Bavigne-Böwen. Béiwen: D'Frënn vu Béiwen.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Marco Gaasch am Alter vu 60 Joer gestuerwen op rtl.lu den 23. November 2018
  2. Doudesannonce vun der Famill am Luxemburger Wort vum 26. November 2018, S. 47