Héich Konstruktiounen zu Lëtzebuerg
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Héich Gebaier zu Lëtzebuerg)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi héchst Konstruktioune vu Lëtzebuerg sinn, bei der gréisster ugefaangen:
Iwwer 200 Meter
[änneren | Quelltext änneren]- de Sendemast vun Housen, deen 300 m héich ass.
- déi dräi 3 stole Gittermaste vun 290 m vum Sender vu Beidler.
- den 285 Meter héijen Antennepotto vun RTL um Diddelenger Ginzebierg.
- déi dräi 215 m héich Maste vum Sender vu Jonglënster.
Iwwer 100 Meter
[änneren | Quelltext änneren]- den 3. Tuerm vum Europäesche Geriichtshaff (Rocca-Tuerm), 2019 ageweit, ass 115 Meter héich an huet 30 Stäck.
- déi zwéin aner Tierm vum Europäesche Geriichtshaff sinn 107 m héich an hu jee 25 Stäck.
- de Pilier vun der Victor-Bodson-Bréck zu Hesper ass 106,25 Meter héich.
- d'Maste vum Dagsender vu Maarnech, 105 m, ofgerappt 2016
- Infinity, Lëtzebuerg-Kierchbierg, 104 m, 26 Stäck, 2020 ageweit.
50 bis 100 Meter
[änneren | Quelltext änneren]- den Tuerm vum Jean-Monnet-2-Gebai (bis 2025 am Bau) ass 93 m héich
- d'Sauerdallbréck (A1) ass 92 m héich
- den 91 m héijen Tuerm vum Sender vu Blaaschent
- d'Héichiewen A a B um Belval hunn eng Héicht vun 90, respektiv 82 m.
- den 82 m héije Kamäi vun der Offallverbrennungsanlag zu Leideleng
- den neie Sëtz vun ArcelorMittal, K22 (bis 2025 am Bau), 80 m.
- den Tuerm vun der Maison du savoir, dem Haaptgebai vun der Uni Lëtzebuerg um Belval, zu Esch-Uelzecht, 80 Meter héich.
- d'Alcide-De-Gasperi-Gebai, d'"Héichaus" um Kerchbierg, ass 77 m héich.
- d'RBC Investor Services-Gebai zu Esch-Belval, huet eng Héicht vu 75 Meter.
- den Hotel "Double Tree" zu Dummeldeng mat 74 Meter.
- de Pont grande-duchesse Charlotte (Rout Bréck) ass 74 Meter héich
- de Lift Pafendall-Uewerstad ass 71 Meter héich
- Tuerm vum Gebai vum Europäesche Stabilitéitsmechanissem (ESM), geplangt fir 2028; 70 Meter.
- den Tuerm vun der Kierch vu Belair mat 69 Meter.
- de Waassertuerm op der Cloche d'or, mat 68,5 Meter.
- déi zwéin Tierm, genannt Porte de l'Europe, laanscht de Boulevard Kennedy, an der "Entrée" op de Kierchbierg, mat allebéid 68 Meter.
- d'Gebai fir ëffentlech Verwaltungen zu Esch-Belval, 60 m héich.
- Aurea-Tuerm zu Déifferdeng, 58 m héich.
- de Leidelenger Waassertuerm, mat 58,15 Meter.
- den Aquatower zu Bäerdref, mat 55,72 Meter.
- d'Direktiounsgebai vun der Spuerkeess an der Stad Lëtzebuerg huet eng Héicht vu 50 m.
Anerer
[änneren | Quelltext änneren]- d'Al Bréck (Passerell) ass 45 Meter héich
- de Lift Gronn-Uewerstad ass 45 Meter héich
- de Clausener Viaduc ass 44 Meter héich
- d'Nei Bréck (Adolphe-Bréck) ass 42 Meter héich
- d'Biisserbréck (Viaduc Polvermillen) ass 37 Meter héich
- de Pafendaller Viaduc ass 32 Meter héich
- de Viaduc vu Schengen ass 24 Meter héich