Monument aux morts Kapell Leideleng

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Kapell fir d'Leidelenger Krichsaffer
Kierch vu Leideleng mat der Monument aux morts-Kapell

Als Monument aux Morts gouf d'Kapell nieft der Kierch zu Leideleng 1948 nei opgeriicht.

Am Zweete Weltkrich gouf d'Mauer ronderëm d'Kierch nei ugeluecht an déi deemoleg héich Kapell ofgerappt. Nom Krich ass fir den Neibau vun der Kapell e Comité du monument aux morts aus allen Duerfveräiner zesummegesat ginn.

Leidelenger Krichsaffer[änneren | Quelltext änneren]

Leideleng huet am Krich zwar keng Zerstéierunge kannt, huet awer vill Leed duerch Zwangsrekrutéierung erlieft. Als victimes de la guerre 1939-44 R.I.P stinn an der Kapell d'Nimm vun alle Leidelenger, déi hiert Liewe fir d'Heemecht geaffert hunn.:

  • Hintgen Dominique, 1925 - 4. 1. 1945
  • Lucius Marcel, 1921 - 15. 8. 1943
  • Moes Jean, 1924 - 18. 3. 1945
  • Peffer Albert, 1922 - 5. 5. 1943
  • Pickard Jean, 1922 - 22. 7. 1943
  • Poiré Emile, 1921 - 29. 3. 1943
  • Reicher Edouard, 1920 - 15. 9. 43
  • Rosenfeld Joseph, 1924 - 24. 5. 1944
  • Schwirtz Joseph, 1923 - 9. 3. 1944
  • Schwirtz Lucien, 1922 - 6. 9. 1943
  • Steffen Jean-Pierre, 1924 - 1. 2. 1945
  • Weydert Pierre, 1906 - 9. 5. 1944

28 Leidelenger Jongen a 4 Leidelenger Meedercher vun de Joergäng 1920-1927 goufen an den Aarbechtsdéngscht, an de Kriegshilfsdienst an an d'Wehrmacht agezunn [1]

Bei der Neigestaltung vun der Kierchenentrée an dem Uleeë vun enger fräier Plaz, krut d'Plaz bei der Kapell 1971 den Numm place des Martyrs.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der Leidelenger Kierch stoung um deemolege Kierfecht eng Kapell aus Holz. Ëm 1700 gouf déi Kapell och fir Gottesdéngschter benotzt, well d'Kierch deemools ze kleng a baufälleg war. Déi weltlech Herrschafte vu Meesebuerg a Beetebuerg hunn zwar d'Steieren agezunn, wollten awer net fir d'Reparatur an e Neibau vun der Kierch opkommen.

Besonnesch op den Hl. Kräizfester a wann d'Pilger bei den Hellege Cornelius a bei den Hellege Vältes koumen, goufen d'Massen an der hëlzener Kierfechtskapell gehalen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Livre d'Or des Victimes Luxembourgeoises de la Guerre de 1940 à 1945 (bibnet.lu)

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Pfarrei Leudelingen (Hrsg), 1983, Paroisse Saint-Corneille, Leudelange, restauration de l'église centenaire 1983, Imprimerie St-Paul, 111 S.