Trach

Vu Wikipedia
En Trach an e Pëtz virun engem Bauerenhaff

En Trach ass e grousse längelzegen no uewen oppene Behälter aus Holz, Steen oder Metall deen haaptsächlech de Béischte Friessen oder Waasser bitt. Meeschtens ass en Trach op enger fester Plaz installéiert.

En Trach ass och déi einfachst Form vun engem Buer.

Jee no Gebrauch schwätzt een och vun engem Fierkels-, Fudder-, Päerds-, Schwéngs- Waasser- oder Wäschtrach

Ëmgangssproochlech kënnt den Trach och vir:

  • "Elo geet et un den Trach.": Et gëtt eppes z'iessen.
  • "Mer friessen all aus dem selwechten Trach.": Et geet eis all d'selwecht.
  • "Du kriss d'Iessen an den Trach.": Du ëss onmanéierlech.
  • "Du dommen, lidderegen Trach.": Du Topert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trach – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Träch zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien