Diskussioun:Leideleng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

't ass zwar iergendwéi spannend, wa vum Wellerbësch op de Wobësch, a vun do aus nees zréck "verbessert" gëtt, ouni ee Wuert Erklärung. Wann emol ee vun de Verbesserer eng Quell kéint uginn, da kéint ech mer emol eng eege "Meenung" maachen, wie Recht huet. Villmools Merci am Viraus.--Cornischong 06:31, 21. Abr 2008 (UTC)


Salut: D'Cote 359 ass am Wobësch op der topographescher Kaart vum Kadaster uginn. Les Meloures 07:36, 21. Abr 2008 (UTC)

PS: Bild kënnt no Les Meloures 07:40, 21. Abr 2008 (UTC)


Remoien:
Ech ginn och dervunner aus datt bei enger aner Verbesserung vum Robby, déi duerno gemaach gouf déi 354 M irgendwéi erëm eragerutscht sinn, wéi mer dat alt schonns haten. Les Meloures 08:55, 21. Abr 2008 (UTC)


Remoien

Ech hunn déi zwou Héichten elo mat de Quellen an den Artikel gesat. Wann dat Bild hei uewendriwwer gesi gouf bieden ech et ze läschen well et ass e Copyright drop. Merci fir Mathëllef an deem Sënn. Les Meloures 09:30, 21. Abr 2008 (UTC)

Bei deenen 2 verschiddenen Héichten handelt et sech em genee déi selwecht Plaz op 2 verschiddene Kaarten:
359 m Wobësch staamt aus der aktueller Topo-Kaart, Editioun 2005, vum Kadaster,
354 m Wëllerbësch staamt aus der Topo-Kaart, Editioun 1989, och vum Kadaster. --Pecalux 09:44, 21. Abr 2008 (UTC)

Merci fir déi zousätzlech Info Les Meloures 11:39, 21. Abr 2008 (UTC)