Op den Inhalt sprangen

Autobunn A3 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diddelenger Autobunn)

A3 - Diddelenger Autobunn
Zeechen Verdeeler km[1]
Lëtzebuerg (Rond-point Gluck) 0,0
1 Hesper/Houwald
A1 / A6 Gaasperecher Kräiz 1,158
Aire de Berchem 5,387
2 Léiweng/Beetebuerg 6,610
A13 Beetebuerger Kräiz 10,611
3 Diddeleng (nëmmen aus an a
Richtung Lëtzebuerg Stad)
11,949
Uschloss un d'franséisch A31 13,288

D'Autobunn A3, och Diddelenger Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Se geet vum Rond-point Gluck an der Stad Lëtzebuerg no Süde bis bei d'franséisch Grenz, wou se um Territoire vun der Gemeng Zoufftgen un d'franséisch A31 ugeschloss ass.

Se ass eng wichteg Verbindung tëscht dem Autobunnsnetz vum Benelux an deem vu Westdäitschland op der enger Säit, deem aus Frankräich op der anerer.

Et gëtt 3 Autobunnsausfaarten/Opfaarten, 2 Autobunnskräizer an eng Plaz fir ze raschten.

Um Gaasperecher Kräiz kräizt d'A3 sech mat der A1/A6. Duerno kënnt geschwënn d'Aire de Berchem, déi gréisst Bensinnsstatioun vun Europa. E bësse méi südlech kräizt d'A3 um Beetebuerger Kräiz d'A13, déi no Osten hin Saarautobunn genannt gëtt, no Westen hin Collectrice du Sud.

D'Autobunn gouf tëscht 1978 (Lëtzebuerg - Ausfaart Diddeleng) an 1981 (Ausfaart Diddeleng - franséisch Grenz) a Betrib geholl.

D'A3 ass en Deel vun der E25, mat Ausnam vun deem Stéck vum Gaasperecher Kräiz bis un de Rond-point Gluck.

Se huet eng Längt vun 13,3 km.

2024 goufen op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz an der Moyenne pro Dag 70.695 Gefierer gezielt. Dat si ronn 5,5 Mol méi (414% méi) wéi 1985 (13.746). 2019 waren et der souguer 72.913.[2]

Ausbau op 2×3 Spueren

[änneren | Quelltext änneren]

Am November 2014 goufe Pläng virgestallt, d'A3 op béide Säite vun 2 op 3 Spueren auszebauen. Fir d'éischt kéim 2015 den Tracé vum Gaasperecher Kräiz bis bei d'Aire de Berchem drun, duerno, vun 2017 un, d'Streck vum Beetebuerger Kräiz bis un d'franséisch Grenz, dann, 2019, d'Stéck tëscht der Aire de Berchem an dem Beetebuerger Kräiz, an 2020 d'Beetebuerger Kräiz selwer[3].

Am Abrëll 2017 goufen déi Pläng (wann och net mat deenen Datumen) am Regierungsrot guttgeheescht. D'Finanzéierungsgesetz fir e Montant vun 356 Milliounen Euro gouf de 14. Dezember 2017 ugeholl[4].

Zousätzlech zum Ausbau sollen d'Echangeure vu Léiweng a vun Diddeleng komplett reamenagéiert ginn, an et kéim zu gréissere Changementer um Beetebuerger Kräiz[5]. Am Februar 2019 sot den Transportminister François Bausch als Äntwert op eng parlamentaresch Fro, d'Aarbechte géifen 2020 ufänken[6].

Am Dezember 2020 huet den Transportminister follgende Kalenner fir d'Aarbechte genannt[7]:

Deel Streck Ufank vun den Aarbechten
A Gaasperecher Kräiz - Ausfaart Léiweng Mëtt 2021
B Ausfaart Léiweng - Bréck Léiweng
C Ausfaart Léiweng - Beetebuerger Kräiz nom Deel B
D Reamenagement Beetebuerger Kräiz lescht Etapp
E Beetebuerger Kräiz - franséisch Grenz nom Deel C
mat enger Wëldbréck Mëtt 2021
Modell vun engem Schëld, dat eng Covoiturage-Spuer uweist (hei am Beispill wann op d'mannst dräi Leit am Auto sinn)

Den 23. Mäerz 2025 ass den éischten Deel vun der ëmgebauter Strooss opgaangen: vum Verdeeler Léiweng a Richtung Stad bestinn op enger Längt vu ronn 4 km elo dräi Spueren, wouvun déi ganz lénks de ganzen Dag iwwer fir de Covoiturage an den ëffentlechen Transport reservéiert ass. Hannert der Aire de Berchem ass et dann op ca 2,1 km erlaabt, datt Bussen iwwer d'Pannespuer fueren. Um Enn vum Tronçon, um Gaasperecher Kräiz, spléckt d'Autobunn sech engersäits a Richtung Rond-Point Gluck an anersäits a Richtung vun der A1 fir op Tréier an der A6 fir op Arel.

Eng Woch méi spéit, den 30. Mäerz 2025 ass och déi nei Konfiguratioun a Richtung Frankräich opgaangen: vum Gaasperecher Kräiz bis op d'Héicht vun der Aire de Berchem (ca. 2,7 km) ass déi lénks vun den dräi Spuere just fir de Covoiturage an den ëffentlechen Transport. Bei der Raschtplaz mussen d'Gefierer vun där Spuer sech am Tirettesystem op déi aner Spueren areien.

Op de genannten Tronçonen ass d'Vitess an de Spëtzestonnen an op der Pannespuer op 70 km/h limitéiert an op 90 km/h fir déi aner Zäiten / Spueren.

Fir uganks 2026 ass da virgesinn, d'Opdeelung vun de Spueren an d'Vitesslimitatioun iwwer elektronesch Schëlter unzeweisen, déi manuell vum CITA aus gesteiert ginn ier dann 2030, wann de ganzen Ëmbau fäerdeg ass, déi dynamesch Opdeelung an d'Vitessmodulatioun komplett automatiséiert oflafe soll[8][9].

D'A3 Richtung Süden, vun der Foussgängerbréck zu Beetebuerg aus gekuckt. Hannen am Bild: den RTL-Sender um Ginzebierg.
Ufank, wann een aus Frankräich kënnt.
Commons: A3 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr)A3 - Autoroute de Dudelange. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 01.01.2021.
  2. Pascal Mittelberger "Bis zu fünfmal mehr Fahrzeuge auf Luxemburgs Autobahnen." wort.lu, 16.03.2025.
  3. "Ausbau vun der A3 a vun der A4." (Video) op rtl.lu, Leschten Update: 11.11.2014, 07:04:54.
  4. Loi du 15 décembre 2017 relative à la mise à 2 x 3 voies de l'autoroute A3. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 01.01.2021.
  5. "Diddelenger Autobunn gëtt dräispuereg ausgebaut." rtl.lu, 06.04.2017, 17:07:39.
  6. "François Bausch: D'Aarbechte wäerten d'nächst Joer ufänken." rtl.lu, 14.02.2019, 11:29:57.
  7. (fr)Question parlementaire n° 3163 - Sujet: Avancement des projets de modernisation de l'autoroute A3 et de la gare de Bettembourg. chd.lu (15.12.2020). Gekuckt de(n) 01.01.2021.
  8. (fr)Ouverture de la voie de covoiturage sur l'A3. transports.public.lu (21.03.2025). Gekuckt de(n) 21.03.2025.
  9. (fr)Ouverture du premier tronçon de l'autoroute A3 à 2x3 voies avec une voie dédiée au covoiturage/bus. gouvernement.lu (21.03.2025). Gekuckt de(n) 21.03.2025.