Wëldbréck

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Den Tunnel Réngelbur op der Nordstrooss (A7)
Den Tunnel Réngelbur op der Nordstrooss (A7), iwwer deen eng Wëldbréck féiert

Eng Wëldbréck erméiglecht et dem Wëld, staark frequentéiert Verkéiersweeër wéi z. B. Autobunnen ouni Gefor z'iwwerbrécken, a ginn dofir och op deene Plazen ugeluecht, wou d'Wëld gewinnt war, vun engem Deel vun hirem Habitat an en aneren ze zéien.

Wëldbrécke sinn dacks mat Traisch beplanzt a mat Barrièrë vum Verkéier ofgeschiermt, fir d'Wëld net ofzeschrecken.

Wëldbrécken zielen zu den Ecoducken, déi allgemeng der Zersiidlung vun der Landschaft entgéintwierke sollen, andeems net nëmmen Déieren, ma och Planzen, Pilzen, asw., sech iwwer soss oniwwerbréckbar Obstakelen ewech, ausbreede kënnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wëldbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien