Albert Unden
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Albert Unden | |
---|---|
Gebuer |
29. Mäerz 1873 Millebaach |
Gestuerwen |
15. Januar 1934 Millebaach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Industriellen, Lokalpolitiker |
Famill | |
Papp | Charles Unden |
Den Albert Unden, gebuer den 29. Mäerz 1873 an der Millebaach, an och do gestuerwen de 15. Januar 1934[1], war e lëtzebuergeschen Industriellen a Geschäftsmann[2].
Hien hat an der Millebaach eng Fierwerei an en Handel mat Stoft, d'Teinturerie Unden, déi e vu sengem Papp Charles Unden iwwerholl hat.
Hie war vun 1916 bis 1920 Conseiller an der Gemeng Rollengergronn, bis déi 1920 mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert huet. Dono war hien, bis zu sengem Doud, Member vum Stater Gemengerot.
1945 gouf de Pabeierbierg um Lampertsbierg no him genannt (Rue Albert-Unden).
Gielercher[1]
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum l'Ordre de la couronne de chêne
- Chevalier vum Ordre de la Couronne de Belgique
- Officier d'Académie
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 16. Januar 1934
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: "Was bedeuten die Strassennamen der Stadt?" ons stad 90 (2009), S.42.