Eecher Bannmillen

Vu Wikipedia

D'Eecher Bannmillen war eng vun ongeféier zwanzeg Millen an der aler Gemeng Eech. Et gëtt ugeholl, datt et och déi eelst Millen zu Eech war.

D'Eecher Millen, déi och nach ënnert den Nimm Kieffeschmillen, Tournusmillen oder Servaismille bekannt war, louch op enger Héicht vun ongeféier 240 Meter westlech vun der Millegässel, laanscht d'Millebaach am haitege Stater Quartier Eech. Haut steet do d'Eecher Primärschoul.

Dem Kadasterplang vun 1824 no, bestoung d'Millen aus zwee Gebaier déi allebéid e Millerad haten. Dat grousst Gebai (ongeféier 18m x 10m) bestoung aus der Mille selwer an enger Wunneng, iwwerdeems dat méi klengt Gebai (ongeféier 6m x 10m) ursprénglech eng Millen, ëm 1824 awer just nach e Wunnhaus war.

De Millekanal ass uewenzeg vun der Metzemillen (Metzenmühle) vun der Millebaach ofgaangen, huet d'Metzemillen ugedriwwen an ass dunn ënnert dem Bannenhaff erduerch gelaf fir sech ënnerzeg dovun an zwéi Kanäl opzedeelen, vun deene jiddereen e Muelwierk vun der Bannmillen ugedriwwen huet. Déi zwéi Kanäl sinn ënnert der Millebaacher Strooss erduerch gelaf a si virun der Eecher Plaz erëm an d'Millebaach an dunn an d'Uelzecht gelaf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 25. November 1223 huet de Friedrich vun Éinen duerch Ierfschaft dem Grof Walram d'Hallschent vu senge Millen zu Eech iwwerdroen an him och erlaabt eng Bannmille laanscht der Millebaach ze bedreiwen. Duerno gëtt et iwwer 300 Joer laang keng Dokumenter méi iwwer d'Eecher Millen.

An engem Weistum vum 17. Oktober 1597 war festgehalen, datt d'Sujeten (dt: Untertanen) vun Eech, Weimeschkierch, aus der Millebaach, vu Beggen, Dummeldeng a Stroossen verflicht waren dem Grondhär verschidde Frondéngschter ze leeschten.

Den 23. Abrëll 1688 huet de Renier Servais, e Bierger (fr: Bourgeois) an Handelsmann, de Lorenz Müller mat engem notariellen Akt verflicht him en Haus an eng Millen ze bauen.

An de Joren duerno muss de Nikolaus Kentz de Proprietär vun der Mille gewiescht sinn, well de Kentz huet den 13. September 1690 d'Millen dem Jakob Arendt[1] a senger Fra Angelika Freydag[2] verkaaft. Nodeems den Arendt an duerno seng Wittfra Freydag gestuerwe waren, goung d'Millen un d'Ierwen iwwer.

Am Joer 1753 keeft den Industriellen Nicolas Loutz d'Eecher Millen an dräi Joer duerno huet hien an der Stad d'Maison de Raville kaaft fir do ze wunnen. Et ass net genee gewosst bis wéini d'Millen dem Loutz gehéiert huet.

Am Kadaster vun 1824 ass de Joseph Kieffer-Meder als Mëller a Proprietär vun der Eecher Millen uginn.

Den 23. Januar 1862 ass d'Millen op en Neits verkaaft ginn, dës Kéier un de Jean-Baptiste Kieffer, dee sech véier Joer duerno mat der Madeleine-Angèle Kremer bestuet huet. D'Mille blouf ongeféier 30 Joer am Besëtz vun der Famill Kieffer, ier se 1893 un d'Koppel Jacques-Joseph Unden a Maria Gloesener verkaaft gouf.

Ëm 1898 hat den Unden an der Millen eng elektresch Zentral ageriicht mat där de Stroum fir d'Stroossebeliichtung zu Eech produzéiert gouf. Et gëtt ugeholl datt zu deem Zäitpunkt mam Muelbetrib opgehale gouf.

De Schräiner François Wenger huet den 11. Mee 1918 d'Mille mam Wunnhaus kaaft an de ganzen Ëmrank méi spéit, den 12. Abrëll 1966, un de Lëtzebuerg Staat verkaaft. Kuerz duerno sinn all d'Gebailechkeete vun der Millen ofgerappt ginn an haut ass dovun näischt méi ze gesinn. Just d'Millegässel, dee géie Bierg dee vun der Millebaacher Strooss a Richtung vum Eecher Bësch féiert, erënnert nach un déi fréier Eecher Bannmillen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Erpelding, É., Die Mühlen des Luxemburger Landes; Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1981

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. och nach Ahrendt
  2. och nach Freidagh