Maison de Raville

Vu Wikipedia
Maison de Raville
Land Lëtzebuerg

D'Maison de Raville ass en Haus op Nummer 4 an der Rue de la Reine an der Stad Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gouf ëm 1575 als Häresëtz vum Jacques de Raville, aus der Adelsfamill de Raville, baue gelooss. 1638 koum et an de Besëtz vun den Häre vun Ierwerleng, a 1651 vun der Abtei Orval.[1] D'Abtei huet et an der Mëtt vum 17. Jh. un de Schäffen Hermann Cramer verlount.[2] 1682 goufen d'Häre vu Cassal nei Besëtzer.[1]

1756 gouf et den Nicolas Loutz säint, 1816 dem Alexandre Cary säint, an 1900 dem Eugène Ruppert-Cary säint. 1975 huet d'UCL-Bank et opkaf, an 1998 d'Dresdner Bank Luxembourg.[1]

D'Haus gouf déifgräifend renovéiert, 1980 vun der UCL an 1998 vun der Dresdner Bank Luxembourg.[1]

Dee ganze Komplex, zu deem d'Maison de Raville gehéiert, awer och d'Maison Wiltheim (laanscht d'Waassergaass) an de fréieren "Ancre d'Or", deen op der Plaz vun "De Berwart" stoung, ass vum Staat zesumme mam Institut luxembourgeois de régulation (ILR) kaaft ginn. Vu September 2012 un huet do den ILR säi Sëtz. Weider hunn och nach Servicer vum Parlament a vun der Staatsverwaltung do hir Büroen.

D'Maison de Raville steet zanter dem 25. Juni 1975 op der Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • André Haagen, Jean-Pierre Koltz, Paul Margue, Raymond Weiller: Maison de Raville - Ein Zeitdokument. Luxemburger Geschichte um ein Renaissance-Haus. Luxemburg: Interpublicité, 1990.
  • Jean Harpes, Vieilles demeures nobiliaires et bourgeoises de la ville de Luxembourg, 1959.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maison de Raville – Biller, Videoen oder Audiodateien

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Plack op der Fassad.
  2. Marie-Paule Jungblut: "Der Neue Markt, ein Ort des Alltags im in der Mitte des 17. Jahrhunderts." In: ons stad Nr.54, 1997, S.6-9
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).