Rue de la Grève (Lëtzebuerg)
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
Ausgesinn
Vu Wikipedia
Numm | fr: Rue de la Grève |
---|---|
Fréieren Numm | bis 1944: rue Lessing |
Längt | ca. 85 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode | L-1643 |
Koordinaten |
49° 36’ 20,4’’ N 06° 07’ 42.7’’ O |
D'Rue de la Grève ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Neier Avenue aus no Weste bis bei d'Rue Sainte-Zithe. Op hirer Südsäit sti keng Haiser; do ass de Rousegäertchen.
Den Numm erënnert un de Streik vum 2. September 1942, deen aus Protest géint déi ugekënnegt Rekrutéierung vu Lëzuebuerger Jongen an d'däitsch Arméi ausgeruff gi war. En ass thematesch komplementär zu der Place des Martyrs an der Rue du Plébiscite déi aner Säit.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Strooss gouf mat der Urbaniséierung vum Plateau Bourbon ugeluecht. Si krut den Numm Rue Lessing, nom däitsche Schrëftsteller Gotthold Ephraim Lessing. No der Befreiung 1944, krut si den haitegen Numm.[1]
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Mascaron um Haus Nr.4.
-
Mascaron um Haus Nr.6.
-
D'Südsäit:Entrée vum ënnerierdesche Parking Rousegäertchen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Rue de la Grève (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" ons stad Nr. 13/1983, S. 30.