Allée des Résistants et des Déportés

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Allée des Résitants et des Déportés
Stroosseschëld Allée des Résistants et des Déportés.jpg
Längt ca. 220 m
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Lampertsbierg
Postcode 1431
Koordinaten 49° 36’ 56.3’’ N
06° 07’ 14.3’’ O

D'Allée des Résitants et des Déportés ass eng Strooss am Quartier Lampertsbierg, an der Stad Lëtzebuerg.

Si verbënnt, als Verlängerung vun der Allée Scheffer, dës mat der Rue Jean-Pierre-Probst, an déi s'iwwergeet. Op hirem ganze Verlaf ass op der nord-westlecher Säit de Nikloskierfecht. Op der südëstlecher Säit leeft se e Stéck laangscht de Klenge Glacis, dono laanscht d'hënnescht Säit vum Gebai vun der fréierer Europaschoul (haut Centre national des langues).

Zanter 2018 leeft d'Linn 1 vum Stater Tram derduerch. 2016, am Ufank vun de Bauaarbechte fir d'Infrastruktur vum Tram, goufen op der Kräizung mat der Avenue de la Faïencerie Reschter vun de Grondmauere vun der Neipuertskapell fonnt, déi an der Zäit vun der Franséischer Revolutioun ofgerappt gi war.

D'Strooss huet hiren Numm zu Éiere vun de Resistenzler an den Deportéierten am Zweete Weltkrich, deenen hiert nationaalt Kommemoratiounsmonument, d'Hinzerter Kräiz, nobäi um Nikloskierfecht ass.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Allée des Résistants et des Déportés – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]