Malakoff-Tuerm (Sewastopol)

Vu Wikipedia
Russesch Reserven op der Récksäit vum Malakoff-Tuerm wärend engem alliéierten Ugrëff (Ausschnëtt aus engem Tableau vum Franz Roubaud (1904))
Aus Buedem a Schanzkierf gebaut Batterie um Malachow-Kurgan (Foto no der Eruewerung vum Wierk 1856)

De Malakoff-Tuerm (ru. Малахова башня - "Malachow-Tuerm") war en Tuerm deen als Deel vun der russescher Festungsanlag viru Sewastopol eng wichteg Roll am Krimkrich (1853-1856) gespillt huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fir de 1784 gegrënnte russesche Krichshafen ze schütze war geplangt fir op den Hiwwele ronderëm Befestegungsanlagen ze bauen. 1818 ass de Bau vum Nordfort fäerdeg ginn, mä bis zum Ausbroch vum Krichkrich hat sech op der Südsäit rose wéineg gedoen. Just um Malachow-Kurgan eng 2,5 Kilometer südëstlech vun der Stad stoung du schonn en zweestäckegen Tuerm aus wäissem Kalleksteen, mat enge 14–15 m Duerchméisser an engen 8,5 m Héicht, op deem fënnef schwéier 18-pënneg Kanounen opgestallt waren. No der Landung vun der franséisch-brittescher Arméi op der Krim sinn a grousser Eil nach weider provisoresch Bastiounen, Redouten a Batterien aus Buedemramplien, Schanzkierf a Sandsäck gebaut ginn, déi uganks isoléiert an duerno deelweis matenee verbonne goufen.

Am spéidere Verlaf vum Krich ass den Tuerm zum Deel raséiert ginn, fir net méi der géignerescher Artillerie als Orientatioun ze déngen. En huet fortbestane mat engem Stack an enger Kanouneplattform, an driwwer enger décker Couche Buedem fir dem alliéierte Beschoss standzehalen, sou datt en alles an allem nach op eng Héicht vu 4 m koum. Ronderëm war e 6 m déiwen a 7 m breede Gruef, an e weidere Gruef vun 30 m Längt huet d'Verbindung mam Reduit gemaach, wou 2000 bis 2500 Zaldoten ënnerkoumen.

An de westleche Krichsnoriichte goufen awer all dës zesummenhängend Anlagen op deem Hiwwel vereinfacht Fort Malakow gedeeft (oder fr. Fort Malakoff), obwuel et streng geholl kee selbststännegt Fort op där Plaz gouf.

Nodeem datt de franséische Kommandant Aimable Pélissier an de Generol Patrice de Mac-Mahon de Malachow-Kurgan den 8. September 1855 ageholl haten huet d'Allianz vun do aus d'Stad an de Bannenhafe kontrolléiert, an d'Russen hu sech misse ganz zeréckzéien. Gutt sechs Méint drop war de Krich eriwwer. De Pélissier gouf an de Rang vun engem Marschal gehuewen an 1859 zum Duc de Malakoff ernannt.

Spéidere Gebrauch vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Wärend der laanger Belagerung war den Tuerm um Malachow-Kurgan duerch déi sëllegen, net seelen iwwerdriwwe Pressereportagen zu engem feste Begrëff an Europa ginn. Doduerch si spéider en ettlech besonnesch grouss oder massiv Tierm no deem Sewastopoler benannt ginn, sou och de Malakoff-Tuerm zu Lëtzebuerg. Mee och héich stenge Schachttierm am däitsche Kuelerevéier ginn als Malakoff-Tierm bezeechent. Souguer vereenzelt Fielsformatioune goufe sou gedeeft (ë. a. zu Bäerdref). An zu Éiere vum Aimable Pélissier gëtt an Éisträich de Biscuitsdessert Charlotte "Malakoff-Kuch" genannt.

A Frankräich hat den Alexandre Chauvelot den Tuerm am Süde vu Paräis, a sengem Gaart nobaue gelooss. Déi Plaz louch um Territoire vun der Gemeng déi spéider den Numm Malakoff krut. Den Tuerm gouf awer scho geschwënn duerno zerstéiert, well en am Däitsch-Franséische Krich eng beléift Zilscheif fir d'preisesch Artillerie war.