Thimister

Vu Wikipedia
Thimister-
Thimister vum Fort vu Battice aus gesinn
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Thimister-Clermont
Koordinaten 50° 39’ 16’’ N
      05° 51’ 50’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4890


Thimister, ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Thimister-Clermont an der Provënz Léck.

Bis zu de belsche Gemengefusioune vun 1977 war Thimister eng eegestänneg Gemeng.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Thimister läit matzen am Pays de Herve an zwar an deem Deel dee Vrai Pays de Herve genannt gëtt, um rietsen Uwänner vun der Berwinne déi am Norden d'Gemengegrenz mat Aubel mécht. En ettlech vun hiren Niewebaache wéi z. B. d'Bèfve an de Ruisseau de la Vlamerie hunn hir Quellen um Territoire vun Thimister. De ganze südlechen Deel läit laanscht d'Nationale 3 déi do Chaussée Charlemagne genannt gëtt an déi do op der Waasserscheed vun der Berwinne an der Vesdre läit.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Un d'Stroossennetz ass d'Uertschaft iwwer d'Nationale 3 ugeschloss a bis 1957 hat se mat hirer Gare op der Linn 38 Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Monumenter[änneren | Quelltext änneren]