Berwinne

Vu Wikipedia

D'Berwinne oder och Berwine, op Limburgesch Berweng, op Hollännesch Berwijn ass eng belsch Baach an de Provënze Léck a Limburg. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Meuse.

Si huet hir Quellen op enger Héicht vun 271 Meter, an enger Zoch tëscht de Lieu-diten Birven a La Vlamerie, südëstlech vun der Uertschaft Aubel an eng ronn 2 km Loftlinn südlech vum Amerikanesche Militärkierfecht vun Henri-Chapelle. Se leeft vun do aus praktesch de ganzen Zäit no Westen, laanscht oder duerch d'Uertschafte Mortoux, Bombaye, Dalhem, Berneau a Mouland. Eng ronn 2 km westlech vu Mouland leeft se beim Barrage vu Lixhe an d'Meuse. D'Berwinne ass ronn 26 km laang.

Et ass de gréisste Waasserlaf am Pays de Herve, an a sengem Dall läit d'Abtei Val-Dieu.

Seng Haaptnieweflëss sinn de Bolland, d'Bel an de Ruisseau d'Asse.

D'Berwinne 150 Meter éier se an d'Meuse leeft
D'Berwinne nieft der N602 beim Barrage vu Lixhe


Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Berwinne – Biller, Videoen oder Audiodateien