Mortroux (Dalhem)

Vu Wikipedia
Mortroux
Mwètroû
Vue an d'Duerf dat vum Ruisseau d'Asse an zwee gedeelt gëtt
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Dalhem
Fläch 316
Koordinaten 50° 42’ 47’’ N
      05° 45’ 08’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4607

Mortroux, op Wallounesch Mwètroû[1] ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Dalhem an der Provënz Léck.

Mortroux läit um Zesummefloss vum Ruisseau d'Asse an der Berwinne op enger Héicht vun 100 bis 140 Meter. D'Uertschaft huet 570 Awunner an eng Fläch vun 315 ha.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Mortroux eng eegestänneg Gemeng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Mortroux ass schonn zanter dem 9. Joerhonnert bekannt. 817 huet de Louis de Frommen der Abtei Kornelimünster bei Oochen, Mortroux dat déizäit Mortoriolus geheescht huet, geschenkt. Déi kleng Seigneurerie huet am Fong déizäit nëmme just aus engem Haff bestanen, deen iwwerlieft huet, an haut op N° 40 an der Rue du Ri d'Asse steet. Ëm dësen Haff hu sech lues a lues Handwierker a Baueren néiergelooss.

Am 13. Joerhonnert koum Mortroux an de Besëtz vum Herzogtum Limburg, an huet do zum Haut Ban de Herve gehéiert. Déi aner siwen Uertschafte vun der haiteger Gemeng Dalhem hunn déizäit zu der Grofschaft Dalhem gehéiert.

1250 gouf um lieu-dit Davipont eng Brauerei opgericht. Op där Plaz gouf et eng hëlze Bréck déi géint 1863 duerch eng stenge Bréck ersat gouf. Zu Nelhain gouf 1262 eng Bannmillen opgeriicht, déi hirersäits 1820 duerch méi eng modern Millen ersat gouf.

1288 wéi de Herzog vu Brabant de Limbourg an d'Täsch gestach huet, gouf Mortroux e brabännesche Fief, bis am 14.Joerhonnert d'Burgunder a gläich duerno déi Spuenesch Habsburger Meeschter do waren.

Am 15. Joerhonnert heescht d'Seigneurerie Li cour di Pont d'Pire.

1665 huet d'Abtei Kornelimünster sech drun ërennert, datt si mol eppes mat där Uertschaft ze dinn hat, an huet Mortroux dem spuenesche Kinnek ofkaaft.

Am 17. Joerhonnert huet d'Uertschaft sech no Oste vergréissert, haaptsächlech op der Plaz déi deemools Thier geheescht huet, an haut ënner dem Numm Clos du Grand Sart bekannt ass.

Vu 1794 un waren dunn d'Fransouse Meeschter. D'Haaptquelle fir Suen ze verdénge waren déizäit kleng Armurerien am Duerf, an d'Kuelegrouwen an der Géigend déi eng grouss Parti vun den Awunner beschäftegt hunn.

Vun 1814 bis zur belscher Onofhängegkeet 1830 haten d'Hollänner d'Soen am Duerf.

Haaptaktivitéiten duerno waren d'Landwirtschaft, d'Exploitatioun vun de Sandkaulen bei Mauhin an d'Millen.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Wope vu Mortroux

Beschreiwung am Originaltext: D'azur à un buste de Sainte-Lucie d'or.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Rue du Ri d'Asse N° 21: Fassad vum Haus aus Zillen a Kalleksténg op engem héije Fëllement aus zementéierte Sandsteemollongen. D' Paart ass vu 1721.
  • Rue du Ri d'Asse N° 40: Déi fréier Seigneurerie déi am 17. Joerhonnert vun der Abtei Kornelimünster ausgebaut gouf. Et ass e grousse véiereckegen Haff, an deem haut nach e Bauerebetrib ass.
  • Rue du Trimbleu N° 3: De Musée de la Vie rurale, an deem déi al Handwierker vum Pays de Herve gewise ginn, mat enger Téik mat regionale Produkter.
  • D'Kierch Sainte-Lucie mat enger Uergel aus der 2. Hallschent vum 17. Joerhonnert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mortroux – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean Haust, «Mwètroû», Dictionnaire liégeois, Liège, Editorial H. Vaillant-Carmanne, 1933, sait 422