Berneau

Vu Wikipedia
Berneau
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Dalhem
Fläch 319
Koordinaten 50° 44’ 33’’ N
      05° 43’ 50’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4607
Gemengenhaus vun der Gemeng Dalhem zu Berneau
D'Berwinne zu Berneau

Berneau op Wallounesch Biernauw ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Dalhem, an der Provënz Léck, a Wallounien.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Berneau eng eegestänneg Gemeng.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Berneau läit am Dall vun der Berwinne op enger Héicht vu 85 Meter. D'Uertschaft ass un de Verkéier ugeschloss iwwer d'Nationalstroossen N608 an N627, an iwwer e Wee deen op Fouron-le-Comte féiert. Duerch d'Uertschaft leeft d'Infrabel-Linn 24, déi do op engem ronn 250 Meter laange Viaduc iwwer den Dall vun der Berwinne féiert.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Berneau ass an der Réimerzäit als Aarbechterduerf entstanen, well do an der Géigend ënner dem Buedem no Bläi gesicht gouf. Alles wat do derbäi aus dem Buedem ausgegruewe gouf, gouf op e Maximum exploitéiert, mat dem Leem goufe keramesch Wuere fabrizéiert, d'Steng goufe fir den Hausbau benotzt a wa se grouss a reegelméisseg genuch waren, goufe Schläifsteng a Muelsténg erausgeha. Déi néideg Liewensmëttel koume vun e puer groussen Häff déi an der Géigend vu Fouron-le-Comte, um Lieu-dit Le Pireux, zu Visé um Lieu-dit La Longue Vue, an zu Bombaye op der Plaz vun der Villa Michel stoungen.

Ongeféier vum 5. Joerhonnert un, huet Berneau zu den Onze Bans vun der Collégiale Saint-Servais vu Maastricht gehéeirt, a stoung doduerch ënner der Herrschaft vum däitsche Keeser.

Vun 1081 un gehéiert Berneau dem dem Grof vun Dalhem, a vun 1244 u kënnt Grofschaft an d'Hänn vun de Brabänner, déi sech 1288 och d'Herzogtum Limburg ënner den Nol rappen.

D'Kierch vu Berneau déi engem vun den dräi Äishellegen, dem Hl. Servais geweit ass, gëtt fir d'éischt 1297 ernimmt.

Ëm 1312 heescht d'Uertschaft Berne, duerno Bern a Bernauw, a schliisslech Berneau. D'adleg Famill de Berneau déi vun do koum huet am Laf vun der Zäit dem Prenzefürstentum Léck en ettlech Notabilitéite ëm 1337 geliwwert, an ee Member vun der Famill war 1331 Buergermeeschter vu Léck.

1396 huet d'Jeanne vu Brabant d'Herrschschaft Limburg, zu där d'Herzogtum Limburg an déi dräi Länner déi Säit der Meuse, d'Pays d'Outre-Meuse gehéiert hunn, dem Philipp dem Kéngen sengem Bouf dem Tun vu Brabant verschriwwen, deen awer eréischt no hirem Doud 1406, an de Genoss dovu koum.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Eisebunnsviaduc.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Berneau – Biller, Videoen oder Audiodateien