Äishelleg

Vu Wikipedia

Zu den Äishellegen, och nach gestreng Häre[1] genannt, zielen e puer Namensdeeg vu chrëschtlechen Hellegen am Mee op deenen – verschiddene regionale Bauerereegelen no – de leschte Frascht vum Fréijoer méiglech ass. Se zielen zu deenen Hellegen, déi d'Leit aus Suerg ëm d'Wieder veréiert hunn.

D'Namensdeeg bezéie sech op de julianesche Kalenner (jK)[2]. Wéinst der Kalennerreform vu 1582 leien déi Deeg am gregorianesche Kalenner ronn 10 Deeg no den Namensdeeg[3].

D'Äishelleg an hir Namensdeeg[änneren | Quelltext änneren]

Datum (jK) Äishellegen
11. Mee Mamertus Bëschof, 5. Joerhonnert
12. Mee Pankratius Märtyrer, 3./4. Joerhonnert
13. Mee Servatius 4. Joerhonnert
14. Mee Bonifatius Märtyrer, 4. Joerhonnert
15. Mee Sophie Märtyrerin, 4. Joerhonnert

Wéi vill Äishelleg?[änneren | Quelltext änneren]

An der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg, grad wéi z. B. a Süddäitschland, an Éisträich oder am däitschen Deel vun der Schwäiz gëtt allgemeng vun den dräi Äishellege geschwat (de Mamertus ass net derbäi) no deenen nach dat „kaalt Sophie“ derbäi kennt.

An Norddäitschland, wou de Mamertus den éischten Äishellegen ass, geet et een Dag éischter un. Dat kann domat gedeit ginn, datt déi kal Loft déi aus dem Norde kënnt heiansdo en Dag méi spéit am Süden ukënnt.

An de méi kale Regiounen (Ardennen, bannenzeg Normandie, Hauts-de-France, Allier, …) gouf an der Zäit och nach Frascht bis uganks Juni festgestallt. Dowéinst zielen an deene Regiounen och nach den hellegen Ivo (19. Mee), den hellege Bernardin (20. Mee) an den hellegen Urbain (25. Mee) zu den Äishellegen.

Bauerereegelen a Spréchwierder[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Zäit hu sech verschidde Bauerereegelen a Spréchwierder entwéckelt, déi sech op d'Äishelleg bezéien:

  • De Pankratius, Servatius a Bonifatius maachen zu dräi e klenge Wanter[4];
  • Planz ni virum kale Sophie[5];

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch - Déi dräi Äishelleg. Gekuckt de(n) 12.05.2021.
  2. Die Eisheiligen - MeteoSchweiz. www.meteoschweiz.admin.ch Gearchiveerd op 2019-09-23. Gekuckt de(n) 12.05.2021.
  3. (de) Kalenner ëmrechnen. kalender-365.de. Gekuckt de(n) 12.05.2021.
  4. Déi dräi Äishelleg: Legend oder nach ëmmer Realitéit?. MOIEN.LU (2021-05-11) Gearchiveerd op 2021-05-11. Gekuckt de(n) 2021-05-12.
  5. Minusgraden a Frascht: D'Äishelleg sinn dëst Joer pénktlech. www.eldo.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-12.