Podcast

E Podcast ass eng Serie vun Audioopnamen, déi iwwer den Internet abonéiert an erofgelueden oder gestreamt kënne ginn. De Contenu ka vun Noriichten a Bildung bis hin zu Entertainment oder perséinleche Geschichte goen. Podcasten erméiglechen et de Nolauschterinnen an Nolauschterer, flexibel an onofhängeg vun der Plaz, op där si sinn, Contenu ze konsuméieren.
An éischter Linn handelt et sech bei engem Podcast ëm Audiodateien, ma si ginn awer och reegelméisseg als Video verschafft (zum Beispill op YouTube), entweeder als primäre Contenu oder komplementar zur Audiodatei. Si ginn dann och Video-Podcast genannt.
Urspronk
[änneren | Quelltext änneren]D'Podcasten hunn hiren Urspronk an enger Iwwerleeung vum Dave Winer, deen RSS entwéckelt huet. D'Wuert selwer ass eng Zesummesetzung aus dem englesche Wuert to broadcast (wat "senden" heescht) an Apple iPod, dem fréieren MP3-Player vun Apple.
De Phenomeen gouf wéinst dem Adam Curry a sengem Podcast Daily Source Code, deen tëscht 2004 an 2013 verëffentlecht gouf, populär. Dofir gëtt de Curry dacks als Pionéier vun der Podcast-Zeen bezeechent.[1] Hien huet och den éischte Podcast-Client, och nach Podcatcher genannt, entwéckelt - eng App iwwer déi ee Podcaste lauschtere kann.
Podcast zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Pionéier
[änneren | Quelltext änneren]GuG, fir "Gedanken und Geschichten aus Luxemburg", war den alleréischte Podcast zu Lëtzebuerg. E war op Däitsch a bis September 2005 aktiv. Bouneschlupp vum Thierry Heles war den éischte Podcast op Lëtzebuergesch an och den éischten, den de Sprong vum Internet op de Radio gepackt hat. Vun der Folleg 31 un ass Bouneschlupp an der Sendung Crumble um Radio ARA gelaf.[2]
Check daat! war e weidere Podcast op Lëtzebuergesch, deen am Oktober 2006 ugefaangen huet.[3] Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg vum Joël Adami ass de lëtzebuergesche Podcast, deen am längsten iwwerlieft huet. En ass vu senger éischter Episod de 4. November 2006 gläichzäiteg och als Serie an der Sendung Crumble um Radio ARA gelaf. Do gouf déi éischt Episod de 6. November 2006 diffuséiert. Déi lescht Folleg op der Websäit ass vum November 2017.[4]
Gedibbers war e lëtzebuergeschsproochege Podcast mat véier Spriecher (Mike, Patrick, Thierry a Joël), vun deem déi éischt Episod am November 2009 erauskoum.[5] Am selwechte Joer huet och de Stater Kolléisch säi Podcast Life on Campus Athénée Lëtzebuerg an d'Membere vum Lëtzebuerger Hackerspace de Podcast Lët'z Hack! lancéiert, deen all zweete Samschdeg och um Radio ARA gelaf ass.[6],[7]
No 2018 ass d'Zuel vu lëtzebuergesche Podcaste massiv an d'Luucht gaangen.
Podcasten op Lëtzebuergesch
[änneren | Quelltext änneren]| Titel | Start | Schluss | Bemierkung |
|---|---|---|---|
| The SpeakEasy | 2017 | leeft nach | Philo-Podcast op Lëtzebuergesch vum Thomas Koenig, dee sech zënter Januar 2017 mat Froen aus Alldag, Politik an anerem beschäftegt.[8] |
| Happy Hippo Podcast | 2017 | leeft nach | Am Dezember 2017 koum déi éischt Folleg eraus. Vun dräi Frënn animéiert. |
| Tun a Max | 2017 | 2020 | Podcast vum Tun Schumacher a vum Max Kasel. |
| Méi wéi Sex | 2018 | leeft nach | Zesummenaarbecht tëscht dem Centre national de référence pour la promotion de la santé affective et sexuelle (Cesas) an dem Radio Ara, deen e produzéiert. Seng Missioun ass déi sexuell Opklärung an den oppenen Ëmgang mat den Theme Sexualitéit, Kierper a Bezéiungen.[9],[10] Bis Enn 2024 goufen 154 Episode vu Méi wéi Sex produzéiert. |
| Maintfack | 20?? | 2024 | D'Tagline vum Podcast op Spotify ass: "Zwee Braddeler aus dem Sale Süd probéieren d'Podcast-Zeene zu Lëtzebuerg opzemëschen."[sic] D'Episode sinn net reegelméisseg erauskomm. |
| Paus. | 2019 | leeft nach | Humoristesche Podcast vum Yannick Schumacher a vum Jill Lallemang.[11] |
| Erklär&Laach | 2019 | leeft nach | Podcast, deen dräi Membere vun der fréierer Sketch-Comedy-Grupp Duck Féiss lancéiert hunn.[12] |
| Lëtz Talk | 2019 | 2021 | Vun de Kolleegen Eric Rolgen a Sébastien Philbert animéiert. Net ze verwiessele mat den engleschsproochege Lëtzebuerger Podcasten Letz Talk Sport (zënter 2020) an Let's Talk About Lëtz (2023). Donieft gëtt et zënter 2024 och de lëtzebuergeschsproochege Podcast Let's Talk Different. Déi véier Podcasten hunn näischt mateneen ze dinn. |
| Hei Elei Lauschter Lo | 2019 | 2021 | Animéiert vum Ben Olinger an David Winter. Déi éischt Episod koum am Oktober 2019 eraus, déi 29. a lescht am August 2021. |
| Gëlle Fro | 2020 | leeft nach | Hei interviewen de Philippe Biberich an den Tom Bosseler prominent Lëtzebuerger.[13],[14] |
| Black Arts Matter | 2020 | 2020 | Podcast vun RTL Lëtzebuerg, deen – eegene Wieder no – "Wierker, Kreatiounen vun Artisten mat däischterer Hautfaarf" an de Mëttelpunkt stellt. Déi 16 Episode goufe vun der Christiane Kremer animéiert. |
| Ham, Fritten & Zaldot | 2020 | 2024 | Podcast vun de Journaliste Pierre Jans a Matthias Kirsch, deen tëscht Januar 2020 a Juli 2024 190 Episode produzéiert huet. |
| Gudden Noper | 2020 | 2023 | Podcast vum Chris a Klot. Am Ganze goufen 23 Episoden an eng Spezialepisod opgeholl. |
| Keck | 2020 | 2020 | Keck war de Podcast vun den Eldoradio-Speakerinne Catherine Nothum, Sarah Raparoli a Lynn Warken, an deem si op humoristesch Aart a Weis iwwer alldeeglech Themen geschwat hunn. En ass tëscht Januar an Oktober 2020 gelaf. Am Ganze goufen et 19 Episoden.[15],[16] |
| Schaarfen Ueleg | 2020 | 2021 | Podcast vun den Eldoradio-Speakeren Ben a Chris Reuter. Spéider gouf de Ben duerch d'Julie Dupont ersat.Et gëtt 22 Episoden. |
| Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani | 2020 | leeft nach | Sarah Cattani, Yogaprof a fréier Journalistin, behandelt zënter November 2020 Sujeten, déi hëllefen sollen, datt ee méi glécklech, méi entspaant a méi gesond duerch d'Liewe ka goen.[17] |
| Startup Corner | 2020 | leeft nach | Zënter November 2020, ongeféier eemol de Mount, presentéieren d'"House of Startups", d'Chambre de commerce an den Educatiounsministère eng Startup oder eppes aneres zum Thema Innovatioun. Déi meescht Episode sinn op Lëtzebuergesch. |
| Reporter On the Record | 2020 | leeft nach | Podcast vu Reporter.lu, an deem all Woch en Thema aus der Aktualitéit behandelt gëtt. |
| IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen | 2020 | leeft nach | Podcast vun RTL Lëtzebuerg zum Thema Inclusioun vu Mënsche mat Behënnerung. E gëtt vum Sascha Lang animéiert. Bis Juli 2025 goufen iwwer 90 Follge produzéiert. |
| Ceci, Do You Love Me? | 2021 | leeft nach | Podcast an deem d'Cecilia Said Vieira zënter Januar 2021 Perséinlechkeeten aus Lëtzebuerg interviewt.[18] |
| Mäin Element | 2021 | leeft nach | Vum Fonds national de Recherche an dem Lëtzebuerger Journal |
| (On)bekannt | 2021 | leeft nach | Podcast vum Lëtzebuerger Journal, an deem d'Jill Lallemang all puer Méint en Entretien mat engem prominente Lëtzebuerger méecht. Éischte Gaascht war den Influencer Florian Turner-Vetter, och bekannt als Berlinski. |
| Hannert der Fassad | 2021 | 2023 | An deem Podcast vum Lëtzebuerger Journal gouf an all Episod eng aner Lëtzebuerger Perséinlechkeet gefrot, eng Rei Lidder fir eng Playlist erauszesichen, déi sinn dunn och kommentéiert hunn. Am Ganze goufen tëscht Februar 2021 an Abrëll 2023 14 Follegen op Spotify produzéiert. Gäscht waren ënner anerem de Bazooka Brooze, de Philip Crowther, den Turnup Tun, de Yaya van Chique an d'Fotografin Anouk Flesch. |
| Taboo Podcast | 2021 | 2022 | Den Thierry Didelot an déi fréier Eldoradiospeakerin Wencke Fiedler hunn tëscht Juli 2021 an November 2022 an 31 Follegen iwwer mental Gesondheet a psychologesch Problemer geschwat. |
| Driving Dreams | 2021 | leeft nach | Zënter dem Juni 2021 produzéiert de Garage Losch dee Podcast, an deem en Invité hannert d'Steierrad vun engem Auto gesat gëtt an e wärend dem Fueren interviewt gëtt. En huet de Podcast Award 2022 vun RTL gewonnen. Interviewer ass den Andrea Galleti, ënner anerem bekannt als Sänger vun der Band One Last Time. |
| AchtzegerKult | 2022 | 2024 | Podcast vun RTL Radio Lëtzebuerg, dee vum Radiospeaker Gibbes Bertolo animéiert gouf, an an deem an am Ganze 34 Follegen d'Karriäre vu Popsänger a -sängerinnen aus den 1980er beliicht goufen. |
| Reporter Story | 2023 | 2023 | Investigative Podcast vu Reporter.lu, vun deem et just 2023 eng Staffel gouf, zum Thema "Aarm trotz Aarbecht". |
| So dach eppes! | 2023 | 2024 | Kuerzliewege Podcast vum Sven Klees, dee sech a fënnef Episoden mat méi oder wéineger prominente Lëtzebuerger ënnerhalen huet. |
| 80 Joer Battle of the Bulge - Lëtzebuerg wärend der Ardennenoffensiv | 2024 | 2025 | Podcast vun RTL Lëtzebuerg iwwer den 80-järege Joresdag vun der Ardennenoffensiv. Animéiert vum Marc Hoscheid. |
| Meng däischter Heemecht | 2024 | leeft nach | Dësen "True-Crime-Podcast" vum Luxemburger Wort gëtt vun de Journalisten Sabrina Backes a Steve Remesch recherchéiert an animéiert. Si erzielen d'Geschicht vu Verbriechen, déi Lëtzebuerg viru laanger Zäit getraff hunn, a kontextualiséiere si an der deemoleger Zäit.[19] |
| Lëtz Talk Different | 2024 | leeft nach | De Bambouni schwätzt mat Persounen, haaptsächlech aus dem Süde vum Land, dorënner vill Sportler. De Podcast gëtt ënnerstëtzt vum Service de la jeunesse vun der Gemeng Déifferdeng a vum Jugendhaus vun Nidderkuer.[20] E puer Episode sinn op Franséisch, déi meescht awer op Lëtzebuergesch. |
| Zeenewiessel | 2025 | leeft nach | Zeenewiessel ass den Investigativ-Podcast vum Radio 100,7. Déi éischt Staffel hat den Titel Kollateralschued an huet d'Schicksal vun enger tuneesesch-bosnescher Famill am Kontext vum Krich géint den Terror traitéiert. Déi zweet Staffel (Carambolage) ass iwwer d'Caritas-Affär gaangen. |
Podcasten an anere Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]Donieft gëtt et awer och nach Podcasten an anere Sproochen, déi zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, wéi de franséischsproochege Comedypodcast Le pire podcast, an deem vun 2019 un an 11 Episoden déi schlëmmst Erfarunge vun ënnerschiddleche Leit gedeelt ginn.[21] Op Franséisch gouf et och Outrospection vum Anissa Lechaudel, vun deem tëscht September 2019 a Juni 2022 60 Follge produzéiert goufen.
Zënter Oktober 2019 féieren den Adrien Loesch an den Thierry Schoen duerch den engleschsproochege Wirtschaftspodcast LuxUnplugged Podcast.[22] Tëscht Februar 2021 an Oktober 2023 gouf et donieft de Podcast Cluster for Logistics vun der Organisatioun mam selwechten Numm. E koum all zwou Wochen eraus a war gréisstendeels op Englesch, heiansdo op Däitsch. E war op Supply-Chain- a Logistikmanagement spezialiséiert.[23]
2022 huet RTL Lëtzebuerg d'RTL Podcast Awards an d'Liewe geruff, déi awer just eng Kéier verdeelt goufen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Podcast.de - Wiki mat Informatiounen zum Thema Podcast (op Däitsch)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ At NRB 2025, Discover How ‘The Future of Radio is Local’. NRB (5. Februar 2025). Gekuckt den 22. Juli 2025.
- ↑ Bouneschlupp op naischtnotz.net (archivéiert Versioun)
- ↑ Check daat! op naischtnotz.net (archivéiert Versioun)
- ↑ angschtaschrecken.lu (gekuckt den 8. Januar 2025)
- ↑ www.gedibbers.com an der Wayback Machine (Internet Archiv)
- ↑ www.localradio.lu an der Wayback Machine (Internet Archiv)
- ↑ hackerspace.lu an der Wayback Machine (Internet Archiv)
- ↑ Speakeasy op Spotify a speakeasy.lu
- ↑ paperjam.lu: Le podcast Méi Wéi Sex en voie d’être sauvé vum Mathilde Ober (14. Dezember 2022)
- ↑ cesas.lu: Méi Wéi Sex - De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper! (gekuckt den 8. Januar 2025)
- ↑ tageblatt.lu: Zeit für eine „Paus.“: Der Podcast von Yaya und Jill erobert Spotify vum Laura Tomassini (27. September 2019)
- ↑ wort.lu: Zum Hinhören vum Marie Chelius (14. August 2019)
- ↑ gellefro.com
- ↑ rtl.lu: Philippe Biberich, Tom Bosseler a Laura Rudewig vum Raoul Roos (19. Februar 2021)
- ↑ (de) Schweigen ist silber, reden ist gold. Revue Nr.31, 29. Juli 2020. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ Episodes of Keck!. podchaser.com. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ luxembourg-news.lu: Les 10 podcasts à écouter au Luxembourg
- ↑ wort.lu: Podcasterin Cecilia Vieira: „Ich spreche auch Tabuthemen an“ vum Nathalie Roden (27. Februar 2021)
- ↑ (de) „Meng däischter Heemecht“. wort.lu. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (fr) Lëtz Talk Different - Un podcast differdangeois. DiffMag (Juni 2024). Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ www.lepirepodcast.lu
- ↑ luxunplugged.com
- ↑ www.clusterforlogistics.lu