Kapell Notre-Dame de Lourdes vun Thimister

Vu Wikipedia
Kapell Notre-Dame de Lourdes
Land Belsch
Gemeng Thimister-Clermont
Plaz Thimister
Adress Chaussée Charlemagne X Rue Polinard
Koordinaten 50°38'43,57"N, 5°50'53,18"O
Architekt(en) Ch. Phillipart
Datum vum Bau 1954
Opgaangen 1954

D'Kapell Notre-Dame de Lourdes vun Thimister ass eng vun den zwielef Kapellen an der Gemeng Thimister-Clermont.

D'Kapell steet um Lieu-dit Croix Polinard laanscht d'Nationale 3 déi do Chaussée Charlemagne heescht. Et ass eng oppe Weekapell aus Hasteng, mat engem spatzen dräieckege Gespär a mat engem Leeëndaach. Zweehonnert Meter dervun steet d'Monument vum Cavalier Antoine Fonck.

Et ass déi zweet Kapell op där Plaz. Déi éischt war bei de Bombardementer vum Fort de Battice direkt niewendrun am Ufank vum Zweete Weltkrich zertstéiert ginn. Ënner de Reschter gouf d'Statu vun der Lourdes-Muttergottes onbeschiedegt erëmfonnt, wat dunn als e Wonner ugesi gouf. 1954 gouf dunn eng nei Kapell opgeriicht, déi mat engem Don vun der Famill Ruwet dem Cidrefabrikant vun Thimister opgeriicht gouf. Se gouf de 17. Oktober 1954 a Presenz vum apostouleschen Nuntius Efrem Forni ageseent.