LGV Bréissel - Däitsch Grenz
D'Héichvitess-Linn (LGV Bréissel-Köln) ass eng Héichvitessstreck vun der SNCB zesumme mat der DB fir Héichvitesszich vu Bréissel aus un dat däitscht ICE-Netz unzebannen, fir eng direkt Verbindung tëscht de franséischen, de belschen, den hollänneschen an den däitsche Linnen ze garantéieren. Dat gouf virdru mat ICE- an Thalysverbindunge gemaach, déi awer deelweis op traditionelle Strecke gefuer sinn.
Mat dem Projet, fir deen 1.810.000.000 Euro virgesi waren, gouf 1997 ugefaangen. Kardinolpunkten op der Streck an der Belsch sinn: Bréissel, Léiwen, Léck, Hauset a Welkenraedt.
D'Streck huet eng total Längt vun 139 km, dovu sinn 89 km op enger komplett neier Streck (Linnen 2 an 3), a 50 km op ale Strecken, déi moderniséiert goufen. Si ass ausgeluecht fir Vitesse bis 300 km an der Stonn.
Opdeelung vun de Strecken
[änneren | Quelltext änneren]- Bréissel - Léiwen (33 km): Linn 36N (moderniséiert)
- Léiwen - Ans (62 km): Linn 2 (nei)
- Ans - Léck - Chênée (14 km): Linn 36 (moderniséiert)
- Chênée - Welkenraedt (27 km): Linn 3 (nei)
- Welkenraedt - däitsch Grenz (10 km): Linn 37 (moderniséiert)
Chronologie
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Dezember 2002: D'Stréck Léiwen - Ans geet op.
- 2006: Bréissel - Léiwen gëtt a Betrib geholl.
- 14. Juni 2009: D'Stréck Chênée - Walhorn geet a Betrib.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Hammerbréck
- Bréck vun Astenet
- Tunnel vu Soumagne
- Viaduc vu Battice
- Viaduc vu José (LGV)
- Viaduc vun Herve (LGV)
- Bréck vu Vaux-sous-Chèvremeont
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Projet du train rapide Paris, Bruxelles, Cologne, an "Travaux", Februar 1986, N° 607.
- Couchard, Iwan: Les lignes à grande vitesse dans la traversée de la Belgique. Des tranchées couvertes pour préserver le paysage, an "Tunnels et Ouvrages Souterrains", Mee -Juni 2002, N° 171.
- De Ridder, Jan: Safety measures in the design of high-speed railway infrastructure in Belgium, presentéiert um IABSE Symposium, Antwerpen 2003.
- Dethy, Bernard: Soil improvement for the construction of the platform for Belgian High Speed Train in urban areas, presentéiert um IABSE Symposium, Antwerpen 2003.
- Kogut, Janusz: In situ vibration measurements on the high speed track L2 Brussels-Köln, presentéiert um IABSE Symposium, Antwerpen 2003.
- Staquet, Stéphanie: Time-dependent behavior of a new kind of precambered prestressed bridge deck for the high speed lines in Belgium, presentéiert um IABSE Symposium, Antwerpen 2003.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: HSL 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien |