Bergues

Vu Wikipedia
Bergues
Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Nord
Arrondissement Dunkerque
Kanton Coudekerque-Branche
Postcode 59380
Gemengecode 59067
Koordinaten 50° 58’ 09’’ N
      02° 26’ 06’’ O
Fläch  132 ha
Bevëlkerung  4 306 (1999)

Bergues, op Hollännesch Sint-Winoksbergen, ass eng franséisch Stad a Gemeng am Blootland am Nord an der Regioun Hauts-de-France.

Bergues läit op enger Héicht vu 6 Meter am Duerchschnëtt, mat engem Minimum vun engem Meter an engem Maximum vun 22 Meter.

D'Awunner gi Berguois genannt.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Coudekerque
Bierne Hoymille
Socx Quaëdypre

Bergues am Film[änneren | Quelltext änneren]

Bergues gouf 2008 duerch de Film Bienvenue chez les ch'tis vum Dany Boon bekannt, dee sech haaptsächlech zu Bergues ofspillt.
An deem Film ginn d'Leit gleewe gelooss, d'Awunner vu Bergues géifen den Dialekt Ch'ti schwätzen. Tatsächlech gëtt do awer flämesch geschwat. Nodeem de Film erauskoum, huet sech an der Stad en Tourismus entwéckelt, dee se bis dohin net kannt huet. Bei touristesche Féierungen, déi meeschtens vum Klackespiller, dem Jacques Martel vu Bergues geleet ginn, gëtt een da gewuer, datt nëmmen eng Koppel an der ganzer Gemeng den Dialekt schwätzt, dobäi schwätzt d'Fra de Ch'ti an de Mann de Ch'timi, d'Sprooch vun de Biergaarbechter déi op dem Ch'ti baséiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bergues – Biller, Videoen oder Audiodateien