Klackentuerm vu Bergues

Vu Wikipedia
Klackentuerm vu Bergues

Den haitege Klackentuerm ass den drëtte Klackentuerm deen an der Stad Bergues opgeriicht gouf.

Mat dem Bau vum Tuerm dee 47 Meter héich ass, a vum Architekt Paul Gélis entworf gouf , gouf am Juli 1958 ugefaangen, a gouf den 2. Juli 1961 ageweit. Et ass e sougenannten Halentuerm.

Den Tuerm ass deelweis am arméierte Bëtong gebaut, an aus Kalleksteng, a gielen Zillen, och nach Sandzille genannt.

Op den Tuerm kënnt een iwwer 191 Träpplecken, an d'Klackespill besteet aus 50 Klacken.

De Klackentuerm vu Bergues gouf den 2. November 2004 als historescht Monument klasséiert, a steet zanter dem 16. Juli 2005 zesumme mat 23 aneren Tierm aus dem Nord, der Somme an dem Pas-de-Calais op er Lëscht vun de Weltierwe vun der UNESCO.

Geschicht vum Tuerm[änneren | Quelltext änneren]

Klackespill[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Klackentierm am Departement Nord

Armentières - Bailleul - Bergues - Cambrai - Comines - Dunkerque-Saint-Éloi - Dunkerque-Stadhaus - Gravelines - Loos