Op den Inhalt sprangen

Beffroi

Vu Wikipedia
D'Beffroien an der Belsch an an Nord-Frankräich, déi als Weltierwe klasséiert sinn.

E Beffroi (oder Belefroi; nl. belfort, de.: Belfried) ass den Numm vun engem héijen, schlanke Klackentuerm wéi e besonnesch fir flämesch Stied typesch ass.

Déi meescht Beffroie goufen an der Zäit vun der Gotik gebaut an zielen zu de bedeitendste Profanbaute vum Mëttelalter. Si goufe vun den net-reliéisen Autoritéite vun de Stied, oder den Zënft reps. Gilden als Symbol vun der biergerlecher Muecht opgeriicht, och géintiwwer vun där vun der Kierch. Meeschtens ass de Beffroi mam Stadhaus verbonnen oder steet fräi niewendrun.

Well et eng relativ gutt ofgeséchert Plaz war, gouf et dacks am Tuerm d'Stadarchiv, d'Schatzkummer oder e Prisong. Doriwwer eraus war et e Wuechttuerm, fir eventuell Feier, oder Feinden, déi am Umarsch waren, z'erblécksen, an och, fir wichteg Neiegkeeten ze proklaméieren. Am Beffroi gëtt et weiderhin eng Stadklack, a vum 16. Joerhonnert un e Carillon (Klackespill), deen d'Zäit a fir besonnesch Evenementer geschloen huet.

Beffroien an der Belsch an a Frankräich

[änneren | Quelltext änneren]

1999 an 2005 goufen 23 Beffroien an Nordfrankräich (Franséisch-Flandern) an der 33 an der Belsch vun der UNESCO zum Weltkulturierwen erkläert. An der Lëscht sinn och e puer Kierchtierm, si sinn hei drënner kursiv markéiert.

StadRegiounBauzäitHéichtWeltkulturierwen zanterBesonneschesBild
Aalst Belsch, Ostflandern 1460; Virgängerbau 13. Joerhonnert 1999 spéitgotesch; huet en Ecktuerm aus dem 13. Joerhonnert ersat; Carillon mat 52 Klacken
Abbeville Frankräich, Somme 1209 27 Meter 2007
Aire-sur-la-Lys Frankräich, Pas-de-Calais 1717 45 Meter 2005 nees nom Éischte Weltkrich opgebaut
Amiens Frankräich, Somme 52 Meter 2005
Antwerpen Belsch, Provënz Antwerpen 15./16. Joerhonnert, 1518 fäerdeg gebaut 123 Meter 1999 Kierchturm vun der Onze Lieve Vrouw; typesche spéitgotesche Flamboyant-Stil; Carillon mat 49 Klacken
Antwerpen Belsch, Provënz Antwerpen 1561–1564 1999 Stadhaus um Grote Markt gebaut vum Cornelis Floris II. am Stil vun der Renaissance
Armentières Frankräich, Nord 67 Meter 2005 Deel vum Stadhaus; Carillon mat 11 Klacken
Arras Frankräich, Pas-de-Calais 16. Joerhonnert 75 Meter 2005 Stadhaustuerm; nom Éischte Weltkrich rekonstruéiert
Bailleul
(Belle)
Frankräich, Nord 1932 2005 am Éischte Weltkrich zerstéiert; Carillon mat 35 Klacken
Beaune Frankräich, Bourgogne-Franche-Comté 13. Jh.
Restauratioun an Ausbau am 17. an 19. Jh.
De 27. August 1885 als Monument historique klasséiert
Bergues Frankräich, Nord 1240 54 Meter 2005 Klackentuerm vu Bergues - 1944 zerstéiert, 1961 a vereinfachter Form nees opgebaut; Carillon mat 50 Klacken. Bekannt duerch de Film „Bienvenue chez les Les Ch'tis“.
Béthune Frankräich, Pas-de-Calais 1346 33 Meter 2005 Carillon mat 35 Klacken
Binche Belsch, Hainaut 14. Joerhonnert 1999 Deel vum Stadhaus
Boulogne-sur-Mer Frankräich, Pas-de-Calais 12. Joerhonnert 47 Meter 2005
Brugge
(Bruges)
Belsch, Westflandern 14./15. Joerhonnert; virdru vun 1240 un als Holztuerm 83 Meter 1999 Beffroi (Bruges)
Calais Frankräich, Pas-de-Calais 75 Meter 2005 Ugefaangen 1910, fäerdeg 1925. Architekt Louis Debrouwer vun Dunkerque. Aus arméiertem Betong.
Cambrai Frankräich, Nord 1447–1474 62,5 Meter 2005
Charleroi Belsch, Hainaut 1936 70 Meter 1999 Am Art-déco-Stil als Deel vum Stadhaus.
Comines Frankräich, Nord 1623 58 Meter 2005
Dendermonde Belsch, Ostflandern 1377 1999 Ursprénglech en Eckturm vun der Duchhal, déi 1377 zum Stadhaus vergréissert gouf; am Éischte Weltkrich schwéier beschiedegt; 1925/26 nees opgebaut; de Carillon gouf eréischt 1975 duerch en neie mat 49 Klacken ersat.
Diksmuide Belsch, Westflandern 1999
Douai Frankräich, Nord 1380-1475 54 Meter 2005 Carillon mat 62 Klacken
Doullens Frankräich, Somme 1613 28 Meter 2005 Stadhaustuerm
Dunkerque Frankräich, Nord 15. Joerhonnert 58 Meter 2005 fréier als Kierchturm an d'Kierch St-Éloi integréiert, steet zanter 1782 fräi; Carillon mat 50 Klacken
Dunkerque Frankräich, Nord 1901 75 Meter 2005 Tuerm vum Stadhaus
Eeklo Belsch, Ostflandern 1932; Stadhaus am 17. Joerhonnert gebaut 1999
Gembloux Belsch, Namur 2005
Gent Belsch, Ostflandern ëm 1313–1380 118 Meter 1999 Beffroi (Gent)
Gravelines Frankräich, Nord 1608 32 Meter 2005
Hesdin Frankräich, Pas-de-Calais 1563–1629 2005
Ieper Belsch, Westflandern 1200–1230 70 Meter 1999 Deel vun der Duchhal, am Ufank vum Éischte Weltkrich zerstéiert, zanter den 1920er Jore bis 1967 originalgetrei rekonstruéiert
Herentals Belsch, Provënz Antwerpen 1534 35 Meter 1999 fréier Duchhal; no Pläng vum Peter Moens a Merten Casus; Carillon mat 50 Klacken
Kortrijk Belsch, Westflandern eelst Deeler vun 1307 1999 fréieren Deel vun der aller Duchhal, zanter déi 1899 ofgerappt gouf, steet e fräi
Leuven Belsch, Flämesche Brabant 1507–1541 1999 Kierchturm vun der Sint-Pieterskerk, deen net fäerdeg gouf, deen ca. 165 Meter héich hätt solle ginn; well deen ieweschten Deel véiermol an e Koup gefall ass, gouf en ewechgelooss
Lier Belsch, Provënz Antwerpen 1369 1999 No Pläng vum Hendrik Mijs; Gouf an d'Stadhaus vu 1741 integréiert, ma ass méi al; zanter 1971 Carillon mat 23 Klacken
Lille Frankräich, Nord 1924–1932 104 Meter 2005 Neibau no Pläng vum Émile Dubuisson am Art déco Stil, nodeems den alen Tuerm am Éischte Weltkrich zerstéiert gi war
Lo Belsch, Westflandern 1565–1566 1999 no Pläng vum Joos Staesin am Renaissancestil; Deel vum fréiere Stadhaus; haut Hotel a Restaurant
Loos Frankräich, Nord 1880 2005 no Pläng vum Louis Marie Cordonnier
Lucheux Frankräich, Somme 2005
Mechelen Belsch, Provënz Antwerpen 1449–1520 97 Meter 1999 Kierchtuerm vun der Sint-Rombouts-Kathedral; no Pläng vum Rombout Keldermans; gouf wéinst finanzielle Problemer net fäerdeg gebaut, en hätt sollen 167 Meter héich ginn; zwéi Carillonen
Mechelen Belsch, Provënz Antwerpen 14. Joerhonnert 1999 net fäerdeg gebaut; ursprénglech Deel vun der Duchhal, déi 1526 vum Rombout Keldermans an d'Stadhaus ëmgebaut gouf
Menen Belsch, Westflandern 1574–1610 33 Meter 1999 Stadhaustuerm; Carillon mat 49 Klacken
Mons Belsch, Hainaut 1661–1672 87 Meter 1999 barocken Tuerm um Fëllement vun enger aller Buerg; steet eleng
Namur Belsch, Namur 1388, 1450 erneiert, 1753 restauréiert 1999
Nieuwpoort Belsch, Westflandern 1922 1999 Stadhaus am Neorenaissance-Stil; dat ursprénglecht Stadhaus gouf am Éischte Weltkrich zerstéiert
Oudenaarde Belsch, Ostflandern éischt Hallschent vum 16. Joerhonnert 1999 Stadhaus am Stil vun der Brabanter Gotik
Roeselare Belsch, Westflandern 1999
Rue Frankräich, Somme 2005
Saint-Riquier Frankräich, Somme 2005
Sint-Truiden Belsch, Limburg 1608 1999
Thuin Belsch, Hainaut 1639 1999 ursprénglich de Kierchtuerm vun der Kierch Saint-Theobard, déi 1811 ofgerappt gouf
Tielt Belsch, Westflandern 1558–1560; Virgängerbau 1275 1999 Hallentoren vun der fréierer Duchhal; Carillon vu 1773 mat 36 Klacken
Tienen Belsch, Flämesch-Brabant 1323 1999 Sint-Germanuskierch mam Stadterm
Tongeren Belsch, Limburg 1442–1544 1999 Tuerm vun der Basilika vun Tongeren
Tournai Belsch, Hainaut um 1200 1999 Carillon mat 43 Klacken; 1844 neogotesch ëmgebaut
Veurne Belsch, Westflandern 1617–1628 1999
Zoutleeuw Belsch, Flämesch-Brabant ab 1231 1999 Kierchtuerm vun der Sint-Leonarduskerk; Carillon mat 24 Klacken
 Commons: Beffroien an der Belsch an a Frankräich – Biller, Videoen oder Audiodateien