Franséisch-Flandern

Vu Wikipedia
D'geographesch Grenze vun de Franséische Flandern um Virowend vun der Franséischer Revolutioun.

D'Franséisch-Flandern, och als Südflandern bekannt, sinn e geographescht Gebitt ouni spezielle gesetzleche Status, dat mat engem Deel vun der historescher Grofschaft Flandern iwwereneestëmmt. Dëst Gebitt gouf a stéckweis vun 1659 bis 1713 un d'Kinnekräich Frankräich ofginn, als Konsequenz vun de Kricher, déi vum Kinnek Louis XIV gefouert goufen. Dat iwwerdeckt souwuel am Norden d'Maritim Flandern, déi dem Franséische Westhoek entspriechen an historesch Flämesch sinn, wéi och d'Romanesch Flandern am Süden.

D'Franséisch-Flandern decken e groussen Deel vum Departement Nord of a gehéieren zur Regioun Hauts-de-France, zënter der Reorganisatioun vun de franséische Regiounen am Joer 2016, bei där den Nord-Pas-de-Calais an d'Picardie zesummegeprafft goufen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]