Etapp vum Parc des Princes
Déi lescht Etapp vum Tour de France koum tëscht 1903 an 1967 am Parc des Princes un.
Nodeem de Parc des Princes ofgerappt gouf, waren d'Arrivéeë vun 1968 bis 1975 um Vëlodrom vu Vincennes, a vun 1975 un op de Champs Elysées.
Beim Tour de France vun 1903 war d'Arrivée am Ufank am Parc des Princes. Dommerweis war et soudatt en Arrêté préfectoral verbueden hat, datt Coursse kéinten am Parc des Princes ukommen. Doduerch gouf d'Arrivée op Ville-d'Avray verluecht, fir net mat dem Gesetz a Konflikt ze kommen, mä d'Coureure sinn awer duerno weider an de Parc des Princes gefuer wou se nach eng Éiereronn gefuer sinn, a wou och d'Präisverdeelung war. Dësen Trick fir am Kader vum Gesetz ze bleiwen, an awer kënnen am Parc des Princes unzekommen, huet dozou gefouert datt deen Arrêté préfectoral kuerz duerno opgehuewe gouf, a vun do u koum den Tour, bis 1967, all Joer op der Pist op der Porte d'Auteuil un.