Vëlodrom Jacques Anquetil

Vu Wikipedia

De Vëlodrom Jacques Anquetil, (Cipale) ass e Vëlodrom zu Paräis am Bois de Vincennes.

De Vëlodrom gouf 1894 ënner dem Numm « Vélodrome municipal de Vincennes » ageweit a war och e Stadion an den olympesche Spiller vun 1900 an 1924.

D'Cipale gëtt 1929 mat der Agliderung vum Bois de Vincenes u Paräis ugeschloss.

Vun 1968 bis 1974, kënnt den Tour de France op senger leschter Etapp do un.

Am Joer 1987, gëtt d'Cipale a Vélodrome Jacques Anquetil ëmgedeeft.

An der Zweeter Hallschent vun 2012 gouf déi al Pist ewechgerappt an duerch eng nei ersat. Déi nei Konstruktioun ass awer schlecht ausgefouert ginn, soudatt d'Pist net ze gebrauchen ass, a se gouf virleefeg gespaart.[1]

Vélodrome Jacques-Anquetil

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://web.archive.org/web/20130715174147/http://velorizontal.bbfr.net/t16319-la-cipale-en-chantier Websäit mat Informatiounen iwwer den Zoustand vun der neier Pist