Raymond Poulidor

Vu Wikipedia
Raymond Poulidor
Gebuer 15. Abrëll 1936
Masbaraud-Mérignat
Gestuerwen 13. November 2019
Saint-Léonard-de-Noblat
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Vëlossportler, Coiffer

De Raymond Poulidor gebuer de 15. Abrëll 1936 zu Masbaraud-Mérignat, am Departement Creuse, a gestuerwen den 13. November 2019 zu Saint-Léonard-de-Noblat, am Departement Haute-Vienne, ware franséische professionelle Vëlossportler, deen zwar ni den Tour de France gewonnen huet, dofir awer an d'Tourgeschicht agaangen ass, als den éiwegen Zweeten hanner dem Jacques Anquetil, an de 60er Joren, an duerno hanner dem Eddy Merckx an de 70er Joren.

De Raymond Poulidor war Profi vun 1960 bis 1977, an ass nieft dem Anquetil an dem Merckx, zesumme mat anere grousse Coureuren, wéi de Louison Bobet an de Bernard Hinault am Ganze véierzéngmol um Tour dobäi gewiescht, an dovu stoung en aachtmol zu Paräis um Podium, a konnt am Ganze 7 Etappegewënner um Tour de France op säi Kont verbuchen, ouni eng Kéier de Maillot-Jaune ugehat ze hunn, woubäi en a senger ganzer Carrière am Ganzen 189 Victoiren eragefuer ass, dorënner Milano - Sanremo, an d'Vuelta, an dat vun Ufank vu senger Carrière bis zum Schluss bei Cycles Mercier ënner de veschiddensten Nimm, wéi « Mercier-BP » (1960-1967), « Fagor-Mercier » (1970-1971), « Gan-Mercier » (1972-1976) a « Miko-Mercier » (1977).

1994 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

1960[änneren | Quelltext änneren]

1961[änneren | Quelltext änneren]

1962[änneren | Quelltext änneren]

1963[änneren | Quelltext änneren]

1964[änneren | Quelltext änneren]

1965[änneren | Quelltext änneren]

1966[änneren | Quelltext änneren]

1967[änneren | Quelltext änneren]

1968[änneren | Quelltext änneren]

1969[änneren | Quelltext änneren]

1970[änneren | Quelltext änneren]

1971[änneren | Quelltext änneren]

1972[änneren | Quelltext änneren]

1973[änneren | Quelltext änneren]

1974[änneren | Quelltext änneren]

1975[änneren | Quelltext änneren]

1976[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Raymond Poulidor – Biller, Videoen oder Audiodateien