Marthe Bigelbach-Fohrmann

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marthe Bigelbach-Fohrmann
Gebuer 7. Mee 1933
Diddeleng
Gestuerwen 7. September 1995
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Member vun LSAP
Famill
Papp Jean Fohrmann
Marthe Fohrmann

D'Marthe Bigelbach-Fohrmann, gebuer als Marthe Fohrmann de 7. Mee 1933 zu Diddeleng, a gestuerwen de 7. September 1995 zu Lëtzebuerg, war eng Lëtzebuerger LSAP-Politikerin.

Si war eent vun den Zwillingsmeedercher vum spéideren Deputéierten a Buergermeeschter Jean Fohrmann. Hir Sëschter ass d'Mamm vum Alex Bodry.

D'Marthe Fohrmann huet sech vun 1948 u bei de Jeunesses socialistes engagéiert si sech a se gouf 1972 gëtt d Sektiounspresidentin vun de Femmes socialistes zu Diddeleng. 1978 huet si Akzenter an der Debatt ronderëm d'Reegelung vum Avortement gesat a sech am Mee 1979 fir d'Ofschafe vun der Doudesstrof agesat.

Si war vun 1974-1979 Deputéiert a vun 1976-1988 Member vum Diddelenger Gemengerot.

No hir genannt[änneren | Quelltext änneren]

Strooss zu Diddeleng

Am Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Rue Marthe Bigelbach-Fohrmann an Erënnerung un d'Marthe Fohrmann[1].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell wou net anescht uginn: Anne Julie Heintz an der Literatur.