Fleur Maxwell

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Fleur Maxwell (2012).

D'Fleur Maxwell, gebuer de 5. August 1988 zu Diddeleng ass eng lëtzebuergesch Äiskonschtleeferin.

D'Fleur Maxwell huet 2006, als eenzeg Sportlerin, Lëtzebuerg bei den XX. Olympesche Wanterspiller zu Turin vertrueden. Am Kuerzprogramm ass si déi 21. ënner 29 Kandidatinne ginn an huet sech domat fir d'Kür qualifiéiert, wou si awer wéinst enger onglécklecher Chute op déi lescht Plaz zréckgefall ass. Mat engem Gesamtresultat vun 109,57 Punkte koum si schlussendlech op de 24. Rang. Si huet 2006 hir sportlech Carrière virleefeg opgehalen.

Vun 2009/2010 un huet si nees bei Competitioune matgemaach. Si konnt sech zwar net fir d'Olympesch Wanterspiller 2010 zu Vancouver oder fir déi vun 2014 su Sotschi qualifizéieren, huet awer bei der Istanbul Cup, de Slovenia Open, den Ukrainian Open, der Denkova-Staviski Cup, an dem NRW Trophy Medaile gewonnen.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

2011 gouf den Asteroid (255019) Fleurmaxwell no hir genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fleur Maxwell – Biller, Videoen oder Audiodateien