Olympesch Spiller

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Olympesch Wanterspiller)
Olympesche Fändel mat de fënnef Réng; fir d'éischt bei den Olympesche Spiller 1920 zu Antwerpen benotzt
D'Lëtzebuerger Liichtathleeten 1960 um Wee op Roum, vu l. no r.: Ramon Humbert, Norbert Haupert, Jean Aniset, Félix Heintz, Boy Bofferding, L.Faber a Charles Sowa.

D'Olympesch Spiller sinn e grousst Sportsevenement, vun deem prinzipiell all zwee Joer eng Editioun ausgedroe gëtt. D'Summer- a Wanterspiller si jeeweils versat all véier Joer[1], sou datt all zwee Joer eng Editioun vun den Olympesch Spiller organiséiert gëtt.

Déi eenzel Olympesch Summerspiller kréien d'laténgesch Zuel vun der Olympiad (Olympiad = Period vu véier Joer). D'Spiller vun der VI. Olympiad goufen 1916 wéinst dem Éischte Weltkrich net ausgedroen. Bedéngt duerch den Zweete Weltkrich goufen 1940 d'Spiller vun der XII. Olympiad an 1944 déi vun der XIII. Olympiad och net ausgedroen. D'Spiller vun der XXXII. Olympiad, déi fir 2020 virgesi waren, goufen wéinst der weltwäiter COVID-19-Pandemie an d'Joer 2021 verluecht.

Bei den eenzelen Olympesche Wanterspiller gëtt déi laténgesch Zuel vun der Oplo geholl. Olympesch Wanterspiller déi net ausgedroe ginn - wéi et 1940 an 1944 de Fall war - kréien och keng Zuel. No de IV. Olympesche Wanterspiller am Joer 1936 koumen deemno 1948 déi V. Olympesch Wanterspiller.

Olympesch Summerspiller[änneren | Quelltext änneren]

Olympesch Wanterspiller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olympesch Spiller – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. zënter de Wanterspiller 1994