Olympesch Wanterspiller 2026
| Olympesch Wanterspiller | |
|
| |
| Maskottchen | Tina |
|---|---|
| Land | Italien |
| Stad | Mailand, Cortina d'Ampezzo, Bormio, Rasun Anterselva, Livigno, Verona |
| Ufanksdatum | 6. Februar 2026 |
| Schlussdatum | 22. Februar 2026 |
| opgemaach vum/vun der | Sergio Mattarella |
| Olympeschen Eed | Stefania Constantini, Dominik Fischnaller |
| Olympesch Fakel | Alberto Tomba |
| Spiller virdrun | Olympesch Wanterspiller 2022 |
| Spiller duerno | Olympesch Wanterspiller 2030 |
| Um Spaweck | https://milanocortina2026.olympics.com |
|
| |
D'Olympesch Wanterspiller 2026, offiziell XXV. Olympesch Wanterspiller, goufe vum 6. bis den 22. Februar 2026 zu Mailand an zu Cortina d'Ampezzo an Italien organiséiert.
Fir d'éischt Kéier an der Geschicht vun de Spiller war d'Ouvertureszeremonie zäitgläich op véier Plaze organiséiert ginn: de gréissten Deel am Giuseppe-Meazza-Stadion zu Mailand an do dernieft och zu Predazzo, Livigno a Cortina d'Ampezzo.
Et goufen och zwou olympesch Flamen ugefaangen: eng zu Mailand an déi aner zu Cortina d'Ampezzo.
Medailen
[änneren | Quelltext änneren]Zu Mailand / Cortina goufen am Ganzen 348 Medaile verginn: 116 Gold-, 117 Sëlwer- an 115 Bronzmedailen.
| Top-10-Medailespigel | |||||
|---|---|---|---|---|---|
| Plaz | Land | Tot. | |||
| 1 | 18 | 12 | 11 | 41 | |
| 2 | 12 | 12 | 9 | 33 | |
| 3 | 10 | 7 | 3 | 20 | |
| 4 | 10 | 6 | 14 | 30 | |
| 5 | 8 | 10 | 8 | 26 | |
| 6 | 8 | 9 | 6 | 23 | |
| 7 | 8 | 6 | 4 | 18 | |
| 8 | 6 | 9 | 8 | 23 | |
| 9 | 5 | 8 | 5 | 18 | |
| 10 | 5 | 7 | 12 | 24 | |
Participanten
[änneren | Quelltext änneren]Et hu 94 Natioune mat am Ganzen 2.823 Athleeten op der Editioun 2026 matgemaach[1].
Participatioun vu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg war zu Mailand / Cortina mat den zwéi Schileefer Gwyneth ten Raa a Matthieu Osch (Slalom a Riseslalom) vertrueden, déi och schonn zesummen op de Spiller 2022 zu Beijing matgemaach hunn.
De Matthieu Osch gouf de 46. am Riseslalom, an den 28. am Slalom, iwwerdeems d'Gwyneth ten Raa op déi 30. Plaz am Riseslalom koum (si ass beim Slalom ausgescheet).[2]
De Missiounschef war de Raymond Conzemius.
Fändelsdréier
[änneren | Quelltext änneren]De Fändel vu Lëtzebuerg gouf bei der Erëffnungs- an der Schlusszeremonie vu Schifuerer Matthieu Osch gedroen.
Participantë pro Sportaart
[änneren | Quelltext änneren]| Athleeten | Kompetitiounen | 1. Laf | 2. Laf | Total | |||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Zäit | Rang | Zäit | Rang | Zäit | Rang | ||
| Dammen | |||||||
| Gwyneth ten Raa | Riseslalom[3] | 1'06,45" | 34 | 1'12,85" | 30 | 2'19,45" | 30 |
| Slalom[4] | net fäerdeg gemaach | net fäerdeg gemaach | 0'00,00" | 00 | |||
| Hären | |||||||
| Matthieu Osch | Riseslalom[5] | 1'25,06" | 50 | 1'18,12" | 43 | 2'43,18" | 46 |
| Slalom[6] | 1'04,22" | 28 | 1'03,24" | 29 | 2'07,46" | 258 | |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Olympesch Wanterspiller 2026 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Olympedia – 2026 Winter Olympics Overview. www.olympedia.org. Gekuckt de 06.02.2026.
- ↑ "Zwei Mal in den Top 30: Das ist Luxemburgs Olympia-Bilanz." tageblatt.lu, 19.02.2026.
- ↑ Olympedia – Giant Slalom, Women. www.olympedia.org. Gekuckt den 08.03.2026.
- ↑ Olympedia – Slalom, Women. www.olympedia.org. Gekuckt den 08.03.2026.
- ↑ Olympedia – Giant Slalom, Men. www.olympedia.org. Gekuckt den 08.03.2026.
- ↑ Olympedia – Slalom, Men. www.olympedia.org. Gekuckt den 08.03.2026.
