Olympesch Wanterspiller 1924
Ausgesinn
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Land | Frankräich |
---|---|
Stad | Chamonix |
Ufanksdatum | 25. Januar 1924 |
Schlussdatum | 5. Februar 1924 |
opgemaach vum/vun der | Gaston Vidal |
Olympeschen Eed | Camille Mandrillon |
Spiller duerno | Olympesch Wanterspiller 1928 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/chamonix-1924 |
D'Olympesch Wanterspiller 1924 oder I. Olympesch Wanterspiller goufe vum 25. Januar bis de 5. Februar 1924 zu Chamonix a Frankräich ofgehalen.
1921 hat de Internationalen Olympesche Kommitee (IOK) decidéiert fir zu Chamonix d'Semaine internationale du sport de 1924 als en Deel vun de Paräisser Summerspiller 1924 z'organiséieren. D'Veranstaltung hat en immensen Erfolleg an den IOK huet se eréischt méi spéit, retroaktiv, zu „Olympesche Wanterspiller“ erkläert.
Participanten
[änneren | Quelltext änneren]Et hunn 258 Athleeten aus 16 Natiounen um Tournoi deelgeholl. Lëtzebuerg war net zu Chamonix vertrueden.
Héichpunkten
[änneren | Quelltext änneren]- D'Äishockeyteam vu Kanada hat vu senge 5 Matcher se alleguer gewonnen.
Super-Sportler
[änneren | Quelltext änneren]- De Finn Clas Thunberg hat an alle 5 Äisschnelllaffinalle Gielercher kritt, dovun dräimol Gold, eemol Sëlwer an eemol Bronz.
Besonnesches
[änneren | Quelltext änneren]- Däitschland huet sechs Joer nom Éischte Weltkrich net däerfe mat derbäi sinn.
- Déi éischt Finall war den Äisschnelllaf bei de Männer iwwer 500 m.
- Den US-Amerikaner Anders Haugen huet 50 Joer op säi Bronze-Gielchen am Schisprange gewaart. Duerch ee Rechefeeler war en dem Norweger Thorleif Haug zougesprach ginn.
- Eréischt am Februar 2006 huet den IOK Curling als offiziell Kompetitioun bei den Olympesche Spiller vun 1924 unerkannt. Eng Glasgower Zeitung huet nämlech Beweiser bruecht, datt Curling – anescht wéi et gréisstendeels vermëttelt gouf – deemools keng Demonstratiounssportart war. Domat krut dat brittescht Team eréischt 82 Joer méi spéit, posthum, mat der Goldmedail belount, viru Schweden a Frankräich.
- D'Militärpatrull war 1924 en Deel vun De Schikompetitiounen a gouf ni offiziell als Demonstratiounssport gefouert; trotzdeem gëtt se haut nach a ville Statistiken esou opgezielt. Eréischt 1928 gouf s'am olympesche Rapport – nieft Schijöring – als Demonstratiounssport opgelëscht.
- Bei de Spiller vu Chamonix gouf fir d'éischt den olympesche Biergsteigerpräis Prix olympique d'alpinisme verginn.
Kompetitiounen
[änneren | Quelltext änneren]Demonstratiounssportaarten
[änneren | Quelltext änneren]Medailen
[änneren | Quelltext änneren]Gielercher | |||||
Plaz | Land | G | S | B | Total |
---|---|---|---|---|---|
1 | Norwegen | 4 | 7 | 6 | 17 |
2 | Finnland | 4 | 4 | 3 | 11 |
3 | Éisträich | 2 | 1 | - | 3 |
4 | Schwäiz | 2 | - | 1 | 3 |
5 | USA | 1 | 2 | 1 | 4 |
6 | Vereenegt Kinnekräich | 1 | 1 | 2 | 4 |
7 | Schweden | 1 | 1 | - | 2 |
8 | Kanada | 1 | - | - | 1 |
9 | Frankräich | - | - | 3 | 3 |
10 | Belsch | - | - | 1 | 1 |
All Olympesch Gielercher |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëscht vun den olympeschen Ofkierzunge fir d'Länner
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Olympesch Wanterspiller 1924 – Biller, Videoen oder Audiodateien |