Quartier Italien

Vu Wikipedia
En Deel vum Quartier, Vue vum Waassertuerm.

De Quartier Italien ass e Quartier am Südweste vun der Stad Diddeleng, deen aus zwou Stroosse besteet, der Rue Gare-Usines (Ënneritalien) an der Rue des Minières (Ueweritalien). De Quartier huet säin Ufank wann ee vum Tattebierg kënnt, op der Héicht vun der fréier Eisebunnsbréck déi op den Arbedstipp op der Réiteschkopp gefouert huet, nieft deem net wäit dovun, den éischten Alliance-Terrain war. Vun do u wiesselt den Numm vun der Rue Tattenbierg a Rue Gare-Usines.

E puer honnert Meter méi wäit béit dann no riets d'Rue des Minières of. Tëscht den zwou Stroosse gëtt et bal op der ganzer Längt nëmmen eng Rei Haiser. Well déi zwou Stroossen op verschiddenen Niveaue leien, hunn déi meescht Haiser an all Strooss eng Entrée, wouvun déi an der Rue des Minières déi méi héich wéi d'Rue Gare-Usines läit, um éischte Stack vun den Haiser ass.

De Quartier oder och Kleng Italien wéi déi Diddelenger soen, war virun der Fusioun vun den Diddelenger Foussballsveräiner déi sech am F91 Diddeleng regruppéiert hunn, d'Héichbuerg vun der Alliance déi do um Stade Amadéo Barozzi gespillt huet. Ee vun de bekannte Foussballiste war de Golkipp Terzo Scrignia, dee sech no senger aktiver Foussballscarrière, jorelaang ëm den Ënnerhalt vum Terrain bekëmmert huet, an deen een ni ouni seng Golkippskap gesinn huet.

Den Numm Italien krut de Quartier well sech do ausganks des 19. an uganks 20. Joerhonnert, déi italieenesch Saisonsaarbechter installéiert haten. Spéider bis an den Ufank vun de 70er Jore war de Quartier bekannt wéinst senge ville Baren a Wiertschaften, vun deene sech der en ettlech aus de fréieren italieenesche Kantinnen entwéckelt haten. No an no sinn d'Italiener aus dem Quartier erausgeplënnert, a wéi Mëtt der 70er Joren d'portugisesch Immigratioun ugefaangen huet, hu sech lues a lues do d'Portugisen installéiert, déi grad wéi d'Italiener am Ufank haaptsächlech um Bau geschafft hunn, a bei den deemools dräi gréissten Diddelenger Entreprenere Valvasori, Farenzena an Think Aarbecht fonnt hunn.

Am fréiere Gebai vun der Gare Diddeleng-Schmelz ass zanter 1996 de Centre de documentation sur les migrations humaines ënnerbruecht.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Marcel Lorenzini, Luxembourg, côté sud. Un siècle d'immigration illustré par l'histoire du quartier "italien" à Dudelange, Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert / 1900 – 1999 (S. 37-43), Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg, 1999, ISBN 2-879554-063-1
  • Little Italy, Dudelange. Le Quartier italien, témoin grandeur nature de l'histoire industrielle, migratoire et sociale du Luxembourg, sera assaini dans les prochaines années, Artikel vun der Josée Hansen an der Wochenzäitschrëft d'Lëtzebuerger Land vum 24. November 2000 (fr)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Quartier Italien – Biller, Videoen oder Audiodateien